Wa westlech Politiker mat Ex-Terroristen paktéieren
Haut pilgere westlech Politiker a Syrien op Besuch bei d'Nofolger vun den Al-Qaida Terroristen, déi sech haut HTS nennen, dorënner ausgerechent de franséischen awer och den däitschen Ausseminister, sou wéi wann d'Attentat op de "Charlie Hebdo" ni geschitt wier, a verspriechen der syrescher Junta Milliounen Euro un Ënnerstëtzung.
Et gëtt sech iwwer Klengegkeeten opgereegt, wat fir ee Minister vu weem d'Hand kritt huet a wien net. "Je suis Charlie" ass bei eise Politiker awer och bei en etleche Mattleefer aus dem Gediechtnis ausgelöscht an d'Gesinnungsgenossen vun deemols ginn als Fräiheetskämpfer gefeiert, obwuel si vrun 10 Joer quasi déi ganz Redaktioun vum "Charlie Hebdo" aus blannem Haass ausgelöscht hunn.
Pervers, gell?
Kommentar schreiben