· 

Ee groussen Dag fir d’Ursula von der Leyen

Korruptiounsprozess a Wahlkampf ënnert een Hutt bréngen

De leschte Freideg war ee groussen Dag fir d’Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen. Net nëmmen, datt hire Korruptiounsprozess um Geriicht zu Léck ugefaangen huet, si hat och déi grouss Éier, vun eisem #Luc zu Schengen empfaangen ginn ze sinn, an dat trotz Héichwaasser a Katastrophenzenario.

▲ Originalfoto aus dem Wort online vum 17/05/2024
▲ Originalfoto aus dem Wort online vum 17/05/2024

D’Foto am Wort vum 17/05/2024 weist ee gutt gelaunte Luc, dee bis iwwert déi zwee Ouere laacht an eng éischter gestressten von der Leyen, déi voll am Wahlféiwer ass a vun enger Wahlversammlung zur anerer flitt, an der Hoffnung hir enttäuschend Popularitéitswäerter vum Abrëll 2024 nach iergendwéi an de positive Beräich ze bréngen.

Een EU-wäite Sondage vum 3. Abrëll weist, datt nëmme 37 Prozent vun de Bierger zefridden mat der von der Leyen hirer Aarbecht sinn. Gemäß enger Ëmfro an Däitschland sinn et just 35 Prozent, a Frankräich souguer nëmmen 18 Prozent.

Wéi d’Beléiftheet vun der Ursula von der Leyen am Mäerz 2019 an Däitschland op hiren Déifpunkt gefall war, mat just nach 18 Prozent Zoustëmmung, well si an hirer Amtszäit als Verdeedegungsministerin an ee Korruptiounsfall wéinst engem Marine-Schëff an an ee Skandal ëm Beroderfirmen, déi fir d’Arméi geschafft hunn, verwéckelt war, gouf si kuerzerhand op Bréissel versat.

Amtsmëssbrauch, onerlaabt Beaflossung, zerstéierung vun Dokumenter, Korruptioun

Wéi net anescht ze erwaarden, ass d’Madame von der Leyen zu Bréissel d’Trap eropgefall, a gouf Presidentin vun der Europäescher Kommissioun. Wee geduecht hätt, si hätt Léiergeld aus hire Skandaler an Däitschland gezunn, gouf eppes besseren beléiert. Als Kommissiounspresidentin huet si eréischt sou richteg lassgeluecht. Déi puer honnert Milliounen Euro, ëm déi et an den Affären an Däitschland goung, ware just een Acompte op dat, wat nach komme sollt. Iwwer SMS huet si 2021 beim Pfizer-Chef Corona-Impfstoff fir 35 Milliarden Euro bestallt. Hir SMSen huet si dono gelöscht an d’Kontrakter huet si geheim gehalen. Dowéinst gouf zu Léck eng Plainte géint si gemaach. Och den Europäesche Parquet, mat Sëtz zu Lëtzebuerg, enquêtéiert géint si wéinst Amtsmëssbrauch, Zerstéierung vun ëffentlechen Dokumenter, onerlaabt Beaflossung a Korruptioun.

Dës Affär gëtt an eiser Press gären erofgespillt oder souguer komplet ignoréiert. Dee leschte kriteschen Artikel iwwert d’Europäesch Kommissioun am LW, mam Titel “Ursula von der Leyen ist fehl am Platz”, ass aus dem Joer 2019. 

Wéi am Februar 2024 bekannt gouf, dass d’Ursula von der Leyen eng zweet Amtszäit als Kommissiounspresidentin ustriewt an si dono vun der EVP-Fraktioun am Europaparlament, där och d’CSV ugehéiert, als Spëtzekandidatin ernannt gouf, koume quasi just nach Lobeshymnen op si.

Eisem Premier schéngt dat alles näischt auszemaachen, a freet sech fir sech mat hir zesumme fotograféieren ze loossen. Vergiess sinn d’Korruptiounsermëttlungen, awer och déi sëllege politesch Alleingäng vun der Madamm von der Leyen am Ukrain-Krich, am Gasa-Krich a sou weider. De #Luc weess selwer, wéi een sech fillt, wann esou Virwërf géint een erhuewe ginn. D'Iessen mat de gréisste Promoteuren aus dem Land am Feinschmeckerrestaurant zu Monnerech stéisst him haut nach batter erop, well et hätt him nämlech bal ee Stréch duerch d'Rechnung virun de Chamberwahle gemaach.

Politikverdrossenheet a Vertrauensverloscht sinn nëmmen dann en Thema, wann ee ka mat eeschter Minn op d’Froe vun de Journalisten äntweren, déi een hinne schonn am Virfeld eragereecht huet fir dass nëmme keng kriddlech Diskussiounen opkommen.


Och interessant:



Kommentar schreiben

Kommentare: 0