· 

D'Ursula von der Leyen an d'Neofaschisten

Vu gudden a schlechten Nazien

Dat, wat an Italien, Ungarn oder Holland längst um nationale Plang Realitéit ass, wëllt d’Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen europawäit aféieren: eng Koalitioun mat de Rietsextremen.

An engem Fernsehduell, organiséiert vun der Zeitung “Politico” ënnert dem Titel “Maastricht Debate”, den 29. Abrëll 2024, bei deem och de Lëtzebuerger Nicoals Schmit als Spëtzekandidat vun den europäesche Sozialdemokraten deelgeholl huet, huet déi aktuell Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen fir d’éischte Kéier ëffentlech matgedeelt, datt si bereet wär, an Zukunft mat Rietsradikalen a Postfaschisten zesummenzeschaffen. Dëst bedeit, datt Leit wéi Marine Le Pen oder Giorgia Meloni an Zukunft sollen eng Roll spillen, wann et drëm geet, d’von der Leyen op den Throun vun der Europäescher Kommissioun ze setzen. Jidderee versteet, datt dat net ouni Géigeleeschtung iwwert d’Bühn wäerd goen. Wéi alles, wat d'Ursula von der Leyen an d'Hand hëlt, werd och déi Operatioun nom Prinzip “donnant-donnant” oflafen, op Lëtzebuergesch: “Eng Hand wäscht déi aner”. Woubäi bis elo nach net kloer ass, wat der von der Leyen hiren Deal mat de Rietsextremen genau beinhalt, mee am Gemauschels ass si bekanntlech net ze schloen. D'EU-Noochrichtewebsäit “Euractiv” huet iwwert d’Table-ronde bericht.

Géigewand a Versteessdemech fir d'UVDL

De fréiere Kommissiounspresident, Jean-Claude Juncker, war rosen iwwert der von der Leyen hiren Heiratsantrag un déi extrem Riets an huet hir promt via Interview am schwäizer “Tagesanzeiger” den Diks geriicht. “Ween déi Rietsextrem bremse wëll, muss sech hinnen entgéintstellen”, gëtt hien zitéiert. D’Wort huet sech et net huele gelooss, den Interview mam JCJ an hire Spalten ze resumméieren.

D’CSV-Spëtzekandidatin fir d’Europawalen a Member vun der EVP-Fraktioun, där och hir Partei ugehéiert, Isabel Wiseler, probéiert hirersäits, och via Wort-Interview, de Kuschelkurs vun der Kommissiounspresidentin von der Leyen, déi déi selwecht politesch Bluttgrupp huet wéi si, erofzespillen a behaapt: “D’Ursula von der Leyen ass op kengem Kuschelkurs mat de Rietsextremisten."

D’Ursula von der Leyen war sou gekränkt iwwert dem JCJ seng Rüg, datt si nach eng Schëpp nogeluecht huet. De 26. Mee 2024 bekräftegt si hire Standpunkt a leet Kriterie fest fir d’Zesummenaarbecht mat de Rietsextremisten: soulaang se géint de Putin a fir déi bedinungslos Ënnerstëtzung vun der Ukrain sinn, ass fir d’Ursula von der Leyen alles an der Rei. Dat gëllt allerdéngs net fir d’AFD, sou d’von der Leyen.

An anere Wierder: An den Aen vun der Kandidatin fir de Posten vun der EU-Presidentschaft muss ee kënnen tëscht gudden a schlechte Nazien ënnerscheeden.

Huet d’Madamm von der Leyen éiren net matkritt, datt déi italienesch Regierungscheffin Giorgia Meloni, op déi si sou grouss Stécker hält, souwuel dem franséische President Macron säi Virstouss, Truppen an d’Ukrain ze schécken, wéi och dem NATO-Generalsekretär Stoltenberg seng Uweisung, Russland mat NATO-Waffen unzegräifen, verurteelt an ofgeleent huet?

D'Welt koum kierzlech souguer zur Schlussfolgerung, Italien wär dat G7-Land, wat am mannsten fir d'Ukrain iwwreg hätt, wat sech och un de Waffeliwwerunge bemierkbar maache géif.

"Ech wosst vu näischt..."

Wou bleiwen déi sougenannte westlech Wäerter, déi nawell gären an d’Fënster gestallt ginn wann et drëm geet, Russland oder China schlecht ze maachen?

De 25. Mee 2024 huet de belsche Liberalen, Guy Verhostadt, fréiere belsche Premierminister an aktuellen Europadeputéierten, ee Bréif vun der Europäescher Journalistefederation un d’Europäesch Kommissioun op X verëffentlecht. Dora gëtt d’Mediepolitik vun der “gudder” Rietsextremistin Giorgia Meloni an Italien zolitt un de Pranger gestallt. Kritiséiert gëtt der Meloni hiren ondemokratesche Führungsstil an hir Virgoensweis, d’Press wëllen ënner hir total Kontroll ze stellen a kritesch Beiträg ze zensuréieren.

Kee Wonner, ass dach d’Giorgia Melon d’Presidentin vun der Partei “Fratelli d’Italia”, der Nofolgerpartei vum Faschist Benito Mussolini, dem Duce (Führer), op deen si ganz houfreg ass an deen si vergöttert.

Awer d’Ursula von der Leyen mécht sech et einfach a kuckt léiwer ewech fir dann herno nees mat der üblecher Entschëllegung ze kommen: “Ech wosst vu näischt.”

Kommentar schreiben

Kommentare: 0