· 

#Satir - Well Paräis ewechfällt

Gëtt Lëtzebuerg déi nei Shopping-Destinatioun vun der Olena Zelenska?

D’Krichsdreiwer an Europa hunn eng op den Deckel kritt. An Däitschland, Frankräich an - net ze vergiessen - England hunn d'Wieler de Scharfmacher ee kloren Denkziedel verpasst. 

Wärend d'Kafkraaft vun de normale Bierger wéinst den iwwerdriwwene Rüstungsausgaben a Waffeliwwerungen un d'Ukrain ëmmer méi erofgeet, schéngt dat bei der Famill Zelensky net de Fall ze sinn.

Gemunkelt gëtt jo, dass d'Madame Zelenska, déi Frankräich fir déi generéis Ënnerstëtzung Merci soe wollt, direkt nees en Deel vun de Spenden an de Boutiquen op de Champs Elysées - geschwat gëtt vu 40.000€ - ausginn huet. Donnant-donnant, eben. Op dat no de Neiwalen a Frankräich vum 30. Juni 2024 och nach esou wäerd sinn, steet an de Stäeren.

Béis Zonge behaapten, si géif elo bei eis an d'Stad shoppe kommen. Déi Lëtzebuergesch Ministesch fir d'Défense Yuriko Backes, an domat zoustänneg fir d’Arméi an de Krich, huet nämlech ugekënnegt, d'Rüstungsausgaben* ëm gutt 60 Prozent, op 1,2 Milliarden Euro, eropzesetzen, sou dass d'Madamm Zelenska als Dank roueg kéint e puer Sou bei eise Geschäftsleit hänkeloosse. De Sozialist Franz Fayot huet sech fräiwëlleg gemellt fir mat hir iessen ze goen, hie kennt sech beschtens an de nobelste Wäiner aus.


* An dësem Interview mam Lëtzebuerger Wort vum 8. Mee 2024 erkläert d'Arméiministesch Backes, wat si alles am Katalog vun de Rüstungskonzerner erausgesicht huet a wi vill et d'Allgemengheet, also de Steierzueler, kascht.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0