· 

#Satir - Wouhi steiert Lëtzebuerg?

D'Lag vun der Natioun: Kënnt nom Indexklau de Renteklau?

Steiererliichterungen, Steierreform, Steiertabell, Steierklass, Steierfräibetrag, Steierzueler: Wouhi steiert Lëtzebuerg? Eng Analyse vum Premier senger Ried zur Lag vun der Natioun.

Kaum en Thema huet méi am #Luc senger éischter Ried zur Lag vun der Natioun dominéiert wéi d'Steieren. Staatsmännesch a mat gewinnt rauer, gereeztener, krazeger Stëmm huet hien dem Land erkläert, wat op et duerkënnt.

Déi Suen, déi de #Luc de Leit wärend senger Zäit als Finanzminister geschuppt huet, wéi en 2012 decidéiert hat, d’Steiertabell net méi un d’Präisdeierecht unzepassen, gëtt hien hinne lo drëpseweis, souzesoen an homeopatheschen Dosen, nees zréck. Schliesslech wëllt dee neie #Luc als Gudden do stoen an nët als knéckegen, geierege Caissier, wéi zu senger Zäit ënnert dem Jean-Claude Juncker.

Steiervergënschtegungen fir déi sozial Schwaach, Subventiounen fir Betriber an d’Bierger bei der Energieëmstellung, eng Steierreform, awer réischt 2026, eng Upassung - awer nëmme vun 2,5 Prozent - vun der Steiertabell un d’Inflatioun, obwuel dem Steierzueler an de leschten zwielef Joer insgesamt 25 Prozent ofgeknäppt goufen, d’Aféiere vun nach just enger eenzeger Steierklass vun 2026 un, ee Steierfräibetrag vu ganzer 90 Euro fir d‘REVIS-Empfänger an sou weider. Och un d’Patronen huet de #Luc geduecht: d’Kierperschaftssteier, also d’Besteierung um realiséierte Benefice, geet vu 17 op 16 Prozent erof, an dat schon den 1. Januar d’nächst Joer. D'Tatsaach, dass normal Lounofhängeger zu Lëtzebuerg am Duerchschnëtt 31,7 Prozent Steiere bezuelen an de Spëtzesteiersaz souguer schlëmmstefalls 54,2 Prozent bedroe kann, huet de #Luc a senger Ried „vergiess“ ze erwänen, woumat d’Betriber an Zukunft nëmmen hallef esou vill Steieren op hire Profiter bezuelen wéi déi schaffend Leit op hirem Akommes.

D'Energiepräisser si jo gefall

D’Subventioune fir de Strom wäerten vum 1. Januar 2025 un halbéiert ginn, wärend déi staatlech Hëllefen um Mazout, op de Pellets, um Flësseggas an um Äerdgas ganz ewechfalen. Awer de #Luc berouegt direkt: d’Präisser fir d’Energie si jo an der Lescht enorm gefall, sou dass dat fir d’Leit nëmmen hallef esou schlëmm gëtt. Ma dann ass jo alles an der Rei!

Déi Al an d'Altersheim

Dat wat de #Luc virun de Chamberwalen mat den afflossräichste Promoteuren aus dem Land bei engem gemittleche Mëttegiessen an engem Monnerecher Feinschmeckerrestaurant ofgemaach huet, kënnt lo endlech zum Droen: Bauen soll an Zukunft méi einfach a méi séier iwwert d’Bühn goen. Mat de lästegen an onnéidegen Impakt- an Ëmweltstudien gëtt opgeraumt a Kompenséierungsmoossnamen si souwisou iwwerflësseg. Iwwerhaapt sollen an Zukunft bei engem Bauprojet just nach 10 Prozent u Gréngfläch iwwregbleiwen, de Rescht gëtt zoubetonnéiert. Déi al Leit kréien deemnächst eng sougenannten „allocation complémentaire“, awer nëmmen dann, wann si an d’Altersheim ginn a bereet sinn, hirt Haus ofrappen ze loossen an domat Plaz maache fir de Bau vun enger neier Residence. Mir musse schliesslech wuessen an dofir brauche mer Terrainen a Wunnéngen.

Wer soll das bezahlen?

Wéi de #Luc gedenkt, dat alles ze finanzéieren, huet hien an senger Ried zur Lag vun der Natioun net verroden, an eent däerf ee bei all deene "Cadeauxen" net aus den Aen verléieren: Nieft de versprachene Steiererliichterungen, muss d’Regierung och nach 2,6 Milliarden Euro opdreiwen fir déi geplangten Rüstungsausgaben ze finanzéieren.

Wetten, dass de #Luc ee Plang huet. An dee kéint spéitstens am Hierscht bekannt ginn, nämlech dann, wann d’Sozialministesch Martine Deprez dem Land hir Pensiounsreform virstellt.

Kënnt nom Indexklau de Renteklau?

Kommentar schreiben

Kommentare: 0