· 

#Satir - Piraten: 6 zousätzlech Sëtz am Süden

Hunn d'Deputéierten vun de Sozialisten d'Partei gewiesselt?

6 zousätzlech Sëtz fir d'Piratepartei am Süden! De Sven Clement, Marc Goergen a Ben Polidori dierften sech iwwert d'Verstäerkung an der Chamber freeën. 

Design par Hubert Hollerich

Luxembourg Jungle huet sech d'Procès verbaux vun de leschte Chamberwalen méi am Detail ugekuckt an do gouf et eng fatzeg Iwwerraschung am Bezierk Süden, déi awer der Allgemengheet bis haut verschiege gouf.

Anescht wéi allgemeng ugeholl, huet nämlech d'Piratepartei sechs Sëtz dobeikritt, déi iertëmlecherweis de Sozialiste guttgeschriwwe goufen. D'Deptutéierten Asselborn, Bofferding, Di Bartolomeo, Engel, Biancalana a Braz ginn am offizielle Bericht vum Haaptwalbüro vum Bezierk Süden als gewielte Piraten opgelëscht.

Link fir de "procès-verbal de recensement général" ze consultéieren:

https://elections.public.lu/content/dam/elections/fr/elections-legislatives/2023/pv-du-recensement-gnral-sud.pdf


▲ Extrait vun der Titelsäit vum Berich iwwert d'Wahlresultat am Bezierk Süden.
▲ Extrait vun der Titelsäit vum Berich iwwert d'Wahlresultat am Bezierk Süden.

Ënnerschriwwen gouf de Bericht den 23. Oktober 2023 vun der Presidentin Annick Everling, Friddensriichterin, an de Beisitzenden Tom Moes, President vum Sozialgeriicht, Rita Biel, Presidentin vun der Chambre à la Cour d'appel, Alessandra Mazza, Magistratin, Tom Zahner, Greffier, Claudia Scolastici, Employée beim Staat an dem Christian Deloge, Portier. De Bericht mat de Resultater, den Nimm an der Parteienzougehéieregkeet vun de gewielte Volléksvertrieder ass net nëmmen am Mémorial, dem offiziellen Amtsblat, an op der Internetsäit vum Staat elections.public.lu püblizéiert ginn, mee gouf och nach zur Sécherheet beim Escher Friddensgeriicht deponéiert.


▲ Ënnerschrëften ënnert dem Procès-verbal vun de Chamberwalen am Bezierk Süden vum 8. Oktober 2023.
▲ Ënnerschrëften ënnert dem Procès-verbal vun de Chamberwalen am Bezierk Süden vum 8. Oktober 2023.

▲ Zesummesetzung vum Haaptwalbüro vum Bezierk Süden bei de Chamberwalen vum 8. Oktober 2023 gemäss dem offizielle Procès-verbal.
▲ Zesummesetzung vum Haaptwalbüro vum Bezierk Süden bei de Chamberwalen vum 8. Oktober 2023 gemäss dem offizielle Procès-verbal.

Well ee Feeler vun den héichrangen a geléierte Memberen aus dem Haaptwalbüro sougutt wéi auszeschléissen ass, ginn et fir dës dach éischter iwwerraschend Situatioun nëmmen zwou Erklärungen:

a) déi gewielten LSAP-Deputéierten hunn d'Partei gewiesselt, an zwar scho virun de Walen, ouni awer d'Wieler doriwwer an d'Bild ze setzen;

oder b) d'LSAP huet ee Walkampf ënner falscher Flagg gefouert fir der Piratepartei ze schueden.

Un den dräi anere gewielte Piraten ass et elo, dat bescht aus der Situatioun ze maachen an sech ze beroden, wéi se mat deem onerwaarten Zouwues ëmginn.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0