· 

#Satir - "Affär Gaardenhaischen"

750.000€ fir 55 Quadratmeter

Och wa bezuelbare Wunnraum ëmmer méi rar zu Lëtzebuerg gëtt, sou misst et dach awer méiglech sinn, sech zumindest ee Gaardenhaischen ze leeschten. Moie Misch!

Op der Websäit At Home bitt eng Immobilienagence ee "Landhaus" am Uert mam Flouernumm "Friedbësch" an der Gemeng Buerschent un. De Friedbësch läit am Éislek, tëscht Schlënnermanescht a Kautebaach. Dëst Landhaus ass awer a Wierklechkeet just ee Chalet, oder, wann een et mam fréieren Deputéierten vun de Gréngen, Roberto Traversini, senger Gaardenhaischenaffär vergläicht, och just ee bessert Gaardenhaischen.

▲ Kaarten vu Geoportail.lu
▲ Kaarten vu Geoportail.lu

Op ganzer 55 m2 Wunnfläch huet den zukünftege Proprietär zwou Schlofkummeren, eng Kichen, eng Stuff an eng Dusch mat Toilette a Lavabo. Allerdings muss en déi Klengegkeet 750.000€ dohinnerbliederen. Dofir sëtzt een dann awer matzen an der Gréngzon, ëmzingelt vun enger Natura-2000-Zon an engem Vulleschutzgebitt.

▲ Extrait PAG Gemeng Buerschent. De Friedbësch ass als Zone agricole agedroen a gehéiert domat zur Gréngzon, gemäss dem Artikel 13 vum PAG.
▲ Extrait PAG Gemeng Buerschent. De Friedbësch ass als Zone agricole agedroen a gehéiert domat zur Gréngzon, gemäss dem Artikel 13 vum PAG.

Ob een sech an deem Gaardenhaischen iwwerhaapt kann umellen, steet op engem anere Blat. Feststeet, dass all Ännerungen strengen Oplagen ënnerleien an iwwert d'Naturschutzgesetz vum 18. Juli 2018 gereegelt sinn.

Well an der Gemeng Buerschent de Verkafspräis, laut Observatoire de l'Habitat, bei 5.478€/m² läit, géif dat bei dësem hëlzenen Haischen, matt senge 55m², ee Präis vun 301.000€ erginn. Et ginn awer 750.000€ gefrot, wat also 250% iwwert dem Duerchschnëttspräis läit. Souguer wann de Proprietär nach mam Präis erofgoe sollt, verfollegt en eendeiteg d'Zil, säi Chalet iwwert dem Duerchschnëttspräis ze verkafen.

Esou entsteet Wucher an d'Präisspiral dréint ongebremst weider, mat der Konsequenz, dass ëmmer méi Residenten "fräiwëlleg gezwonge" sinn, sech am Ausland no enger Wunnéng emzekucken. An esou entwéckelt sech Lëtzebuerg ëmmer méi zu engem Monacco, wou nach just déi Räich kënne liewen. Mir brauchen also net nëmmen ee Präisdeckel um Elektresch, um Gas an um Mazout, mee och - a virun allem - am Logement.

De Mahatma Gandhi huet treffend gesot:

"D'Welt huet genuch fir jidderengem seng Bedierfnesser, awer net genuch fir jidderengem seng Gier."

Reaktiounen an de soziale Medien

D'Annonce vun dëser "perle rare" huet an de soziale Medien fir hefteg Diskussioune gesuergt. Hei eng Auswiel ▼

Kommentar schreiben

Kommentare: 0