· 

#Satir - Nationalfeierdag

Ried un d'Urawunner

Keng Kap ouni Stuerz, keen Elefant ouni Rüssel, kee Frittefest ouni Iessen a Gedrénks a kee Jangendag ouni dëse Videoclip, deen zu eisem Nationalfeierdag gehéiert wéi "Dinner for one" op Silvester.

Et war d'Madame Charlotte Adelgonde Elisabeth Marie Wilhelmine vu Lëtzebuerg, kuerz: CHARLOTTE, "par la grâce de Dieu, Grande-Duchesse de Luxembourg, Duchesse de Nassau, etc., etc., etc.;" déi per Beschloss vum 23. Dezember 1961 de Nationalfeierdag vum 23. Januar op den 23. Juni verréckelt huet.

Grond fir dës Verschiebung waren déi wanterlech Wiederkonditiounen, déi dem Haff anscheinend och schonn deemols net esou richteg geschmaacht hunn.

Dofir hei aus dem sonnege Biarritz op Lëtzebuerg: ▼

Kommentar schreiben

Kommentare: 0