· 

#Satir - Architekten: "Méi einfach bauen."

Manner Gëtt méi

Wéi wann déi aktuell Këschten ouni Charme an ouni Séil, déi vun eisen Architekten entworf ginn, net schonn fad a langweileg genuch wären, fuerdert d'Presidentin vum Ordre des Architectes, dass nach méi einfach gebaut muss ginn. Hu mer geschwënn just nach Schongkëschten doruechter stoen?

Natierlech fënnt d’Presidentin vum Ordre des Architectes, Michelle Friederici, dem #Luc seng Approche, déi lästeg Natur- an Ëmweltreglementer op den Tipp ze geheien, eng gutt Saach fir dass endlech nach méi a méi séier ka gebaut ginn. Wuesstum verpflicht. Parallell dozou mussen d’Leit awer och endlech bereet sinn, hir Gewunnechten an absënns hir Wënsch kräfteg erofzeschrauwen, wann si an Zukunft wëllen an hiren eegene véier Mauere sëtzen.

Mir brauchen eng Vereinfachung um Bau selwer. Et muss een net ëmmer alles bauen, wat technesch a konstruktiv machbar ass”, sot d’Vertriederin vun den Architekten haut op RTL.

Anescht ausgedréckt: Bis elo hunn d’Architekten alles dru gesat fir komplex ze bauen, fir schéi Kanéngercherställ opzeriichten. Domat ass elo Schluss. Et geet och mat einfache, méi bëllege Schongkëschten, déi, nom Lego-System, nach méi konzentréiert doruechter opgestallt ginn. Ee Balkon, ee Stéck Gaart, eng Terasse, onnéideg Verzierungen a Verwénkelungen, oder souguer ee Bau aus richtegen Zillen a mat engem richtegen Daach, mat engem Keller: dat ass Passé! Manner ass méi! “Back to the roots” ass ugeot, da gëtt dat ee Stéck mam Bauen.

D'Architekten wäerten hirt d’Bescht ginn fir déi nei Schongkëschten sou robust, sou bequem a sou faarweg wéi méiglech ze produzéieren.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0