· 

#Satir - Ee weidere Schnäppchen

D'éislek, déi nei Zauberwelt vun de Bourgeois-bohème

Lëtzebuerg mécht alles fir säi Logementsproblem net an de Grëff ze kréien. Absënns d'Éislek schéngt dat neit Magnéit fir d'Leit vun der Haute volée ze sinn.

Wann ee 700.000€ ausgi wëllt, da kann ee sech zu Wolwen bei Maarteleng ee bessert Gaardenhaischen kafen. Ugebueden gëtt dës "perle rare" op der Internetplattform Immotop.lu als "maison individuelle". Eréischt am Klenggedréckten gëtt ee gewuer, datt et sech a Wierklechkeet ëm een hëlzene Chalet handelt. Bei der annoncéierter Fläch vun 165 m2 handelt et sech wahrscheinlech ëm déi gesamt Notzfläch a wuel kaum ëm déi effektiv Wunnfläch.

Eréischt virun e puer Deeg gouf een anert Gaardenhaischen am Éislek, am Friedbësch bei Schlënnermanescht, fir de stolze Präis vu 750.000€ ugebueden. Luxembourg Jungle hat iwwert dës Gaardenhaischen-Affär bericht.

Hëlt een ee Verhältnis vun 100:30 tëscht Notz- a Wunnfläch, an zitt ee vun den 168 m2 drësseg Prozent of, da bleiwe ronn 117 m2 Wunnfläch. Multiplizéiert een dann déi verbleiwend 117 m2 Wunnfläch mam Duerchschnëttspräis, deen an der Gemeng Rammerech üblech ass, da kënnt een op ee Verkaafspräis vu 499.367€, also bal 200.000€ manner wéi ugebueden, virausgesat, et kann een sech an deem Gaardenhaischen och wierklech umellen. Anerefalls ass de normale Metercarréspräis wuel kaum ze rechfertegen.


Och interessant:


Kommentar schreiben

Kommentare: 0