· 

Baustopp fir Tourismusprojet um Wämper Séi

Biergerinitiativ: "Do läit villes 'im Argen'"

Mat Datum vum 26. Juni 2024 gouf ee Baustopp um Wämper Séi verhaangen, wou de Groupe Lamy am Gaang ass, en iwwerdimensional groussen Tourismusprojet ze bauen. Vun eise Gesetzer schéngen se bei beim belsche Promoteur net vill ze halen. 

▲ Mat grousse Panneauxen, déi laanscht de Séi opgestallt sinn, sollen d'Besucher d'Zong laang gemaach kréien.
▲ Mat grousse Panneauxen, déi laanscht de Séi opgestallt sinn, sollen d'Besucher d'Zong laang gemaach kréien.

Via Arrêté (Beschloss) vum 26. Juni 2024, ënnerschriwwe vum Wämper Buergermeeschter Claude Daman, gëtt d'Zoumaache vum gesamte Lamy-Chantier um Séi mat effet immédiat decidéiert an der Ëffentlechkeet matgedeelt. Den Arrêté kann een online liesen oder eroflueden.

Download
Arrêté de fermeture de chantier
20240626300-urb-prolaweis-arrêté-de-ferm
Adobe Acrobat Dokument 1.2 MB

Als Grënn fir dee verhaangene Baustopp, si folgend Punkten am Arrêté uginn:

 

"Considérant que les travaux sont en cours d’exécution, mais que lors d’une visite de chantier par le responsable du service technique, il a été constaté que certains travaux qui n’ont pas été autorisés sont en cours d’exécution, à savoir :

  • construction d’un chemin d’accès sur le barrage entre les deux lacs, servant (selon les informations fournies par le représentant du maître d’ouvrage) en guise d’accès aux services de secours. Ces travaux non autorisés risquent en sus d’affecter l’étanchéité et de compromettre la statique du barrage
  • bardage en bois des immeubles et infrastructures de la commune et situés sur le barrage."

Am Kloertext: d'Firma Lamy, alias Prolaweis, schéngt géint d'Gesetz gehandelt ze hunn, well se Aarbechten ausgefouert huet, fir déi se keng Autorisatioun hat, an domat d'Statik vum Damm tëscht den zwee Séien op d'Spill setzt. D'Firma Lamy huet, wéi festgestallt gouf, ausserdeem Aarbechte u Gebaier an Infrastrukture virgeholl, déi hir guer net gehéieren, mee der Gemeng Wäiswampich.



Strofen am Fall wou den Arrêté net agehale gëtt

D'Artikelen 2 an 3 vum Arrêté de fermeture de chantier gesi Sanktioune vir, wann sech net un de Baustopp gehale gëtt. Wärend den Artikel 2 vum Arrêté festhält, dass de Buergermeeschter mat der Police ugeréckelt komme kann, sinn d'Strofen am Punkt 3 vum Arrêté, bei deem sech op d'Gesetz vum 19. Juli 2004 iwwert den Aménagement communal et le développement urbain referéiert gëtt, eng Nummer méi hefteg.

Gemäss dem Artikel 107 vum Gesetz vun 2004 ass ënner anerem eng Prisongsstrof vu bis zu zwee Méint an eng Geldstrof bis zu 125.000€ virgesinn, wann den Arrêté de fermeture de chantier net agehale gëtt.

▲ Extrait aus dem Gesetz vum 19. Juli 2004 iwwert den Aménagement communal et le développement urbain.
▲ Extrait aus dem Gesetz vum 19. Juli 2004 iwwert den Aménagement communal et le développement urbain.

Reaktioun vun der Biergerinitiativ Gemeng Wäispampich

Éischt Reaktiounen iwwert dësen iwwerraschende Baustopp drëpsen eran. Op hirer Facebooksäit schreift d'Biergerinitiative Gemeng Wäiswampich Folgendes:

Dass de Groupe Lamy mat dubiose Methoden operéiert, ass näischt Neits. Luxembourg Jungle hat schon an der Vergaangenheet iwwert de System Lamy bericht.

Et bleift ze hoffen, dass et sech heibäi net nëmmen ëm ee befristete Baustopp handelt. Der Natur an de Wämper Awunner, déi sech an engem Referendum am August 2019 zu iwwer 60 Prozent géint deen iwwerdriwwenen Tourismusprojet ausgeschwat haten, wär gehollef, wann de Projet definitiv gestuerwe wär.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0