· 

#Satir - Stadverschéinerung zu Klierf

Vum Masterplang zum Resultat

Wéi déi Klierfer Gemengeverantwortlech 2019 den Awunner hire "Masterplan Innenstadt" virgestallt hunn, hätt kee geduecht, wéi schéin dat eng Kéier géif ginn. D'Resultat léisst sech weisen.

De Masterplan Innenstadt vun 2019 hält alles, wat e versprécht. Klierf sollt endlech "eng Perspektiv fir ee liewegen Zentrum" kréien. An dee Plang ass voll opgaangen. Dat éischt, wat ee gesäit, wann een a Klierf erakënnt, ass dat neit, bombastescht Parkhaus matzen am Zentrum. Dobei ass dat, wat ee vu bausse gesäit, nëmmen d'Spëtzt vum Äisbierg, well de Gros vun de ronn honnert Parkplaze leien ënnerierdesch.

Entgéint dem allgemengen Trend am Land, den ëffentlechen Transport ze fërderen, haten déi Klierfer Gemengeverantwortlech de Courage, eppes ganz aneschters ze probéieren an hunn den Akzent op den Individualverkéier gesat. Wat daacht schonn ee liewegen Zentrum, wa keen Autosverkéier ugezu gëtt!

Als Kompensatiounsmesür fir dee kolossale Bau, dee vun der Gréisst hir just nach vum Centre sportif iwwertrompt gëtt, huet den zoustännegen Architektebüro d'Uplanze vun engem Bam an der Mëtt vum Parkhaus virgesin. Domat gëtt dann an engems eppes fir d'Stadbegréngung gemaach.

▲ Als Kompensatiounsmesür ass d'Uplanze vun engem Bam an der Mëtt vum Parkhaus virgesinn.
▲ Als Kompensatiounsmesür ass d'Uplanze vun engem Bam an der Mëtt vum Parkhaus virgesinn.

Kritiken, dat neit Parkhaus wär vill ze grouss, géif dee mëttelalterleche Stadkär verschandelen a virun allem d'Vue op d'Stad an op seng Sehenswürdegkeeten stéieren, loossen d'Gemengeverantwortlech net gëllen. Schliesslech kann een op de platten Daach vum Gebai klammen an sech d'Stadt da vun uewen ukucken.

Béis Zonge behaapten allerdéngs, fir eng lieweg Stad bräicht ee kee Parkhaus, ma virun allem Liewensqualitéit, abordable Wunnraum, Fräizäitméiglechkeeten, Kultur- a Sportsmanifestatiounen, lokal Fester, Gréngflächen, Spillplazen, Caféen, Restauranten a lokal Geschäfter. Virun allem d'Geschäftswelt ass awer am Gaang, Klierf de Réck ze dréinen an sech op der grénger Wiss zu Maarnech nidderzeloossen, an d'Stad selwer verkënnt ëmmer méi zu enger Schlofuertschaft.

▲ Klierf, Beneluxplaz, virum Bau vum Parkhaus (Foto: Google, 2009)
▲ Klierf, Beneluxplaz, virum Bau vum Parkhaus (Foto: Google, 2009)

Kommentar schreiben

Kommentare: 0