· 

#Satir - Panama Papers: Alleguer d'Ugeklote fräigesprach

Déi kleng Spëtzbouwen hänkt een, déi grouss léisst ee lafen

Bei de Panama Papers handelt et sech ëm dee gréisste Skandal vu Steierflucht a Geldwäsch, dee je opgedeckt gouf. All 28 Ugeklote goufen e Freideg fräigesprach. Eisem gréissten an aflossräichste Radiosender, RTL, war dëst awer just eng winzeg Noochricht vun e puer Zeilen, gutt verstoppt an der Rubrik "Internationales", wäert, obwuel och eng Rëtsch Lëtzebuerger Banken, Affekoten a Consultanten d'Fangere mat am Spill haten.

D'Lëtzebuerger Press ass esou zréckhalend wéi e scheien Teenager op der Schouldisco. D'Panama Papers? Bof! Dat sinn dach nëmmen e puer Ziedelen, déi op de Buedem gefall sinn. Net derwäert, doriwwer ze berichten. Mir hu jo schliisslech och 40.000 Bréifkëschtefirmen heiheem. Also wat soll déi Opreegung? Vläicht war dat d'Motivatioun fir déi onscheinbar Notiz bei RTL, bei där den Androck entsteet, et wären zwar 28 Ugekloten am Prozess ëm d'Panama Papers fräigesprach ginn awer all déi aner wären dofir jo veruerteelt ginn. RTL verstoppt, dass am Ganzen nëmmen 28 Persounen bei dësem gigantesche Skandal ëm organiséiert Steierflucht a Geldwäscherei ugeklot goufen.


▲ Meldung bei RTL an der Rubrik "Internationales".
▲ Meldung bei RTL an der Rubrik "Internationales".

214 000 Bréifkëschtefirmen

Am Abrëll 2016 goufen an de Panama Papers Informatiounen iwwer méi wéi 214.000 Bréifkëschtefirmen publizéiert. Dës Firme goufe vun der Affekoten-Étude Mossack&Fonseca zu Panama-City gemanaged. Den Datenleak vun 2,6 Terabyte enthält ronn 11,5 Milliounen vertraulech Dokumenter, dorënner E-Mailen, Bréiwer, Faxmessagen, Dokumenter vu Firmegrënnungen, Krediter, Rechnungen a Bankextraiten, Informatiounen iwwer "legal" Steieroptimisatioun, awer och illegal Aktivitéiten wéi Geldwäsch, Steierhannerzéiung a Verstéiss géint UNO-Sanktiounen. D'Bréifkëschtefirmen goufen gegrënd fir Verméigen ze verstoppen, Steieren ze vermeiden oder Sue wäisszewäschen.

Fir hir Enthüllungen a Recherchen krut den International Consortium of Investigative Journalists (ICIJ) 2017 dee prestigiéise Pulitzer Präis.

Och Lëtzebuerger Banken, Affekoten a Perséinlechkeeten dra verwéckelt

Dat eenzegt Lëtzebuerger Presseorgan, dat onermiddlech iwwert dëse Skandal bericht hat, war d'Wochenzeitung WOXX. Sou koum eraus, dass zum Beispill den CSV-Deputéierten Laurent Mosar, den Ex-ADR-Deputéierten Roy Reding an den Ex-DP-Staatssekretär Guy Arendt d'Fangere mat am Spill haten. Déi belsch Dageszeitung "Le Soir" huet bericht, dass souguer och den Direkter vun der Lëtzebuerger Bankenopsiicht CSSF, Claude Marx, an de Panama Papers ernimmt géif.

Eng Lëscht mat weltbekannte Prominenten, déi Client vun der Affekoten-Étude Mossack & Fonseca waren, gëtt op Wikipedia püblizéiert.

An engem remarquablen Artikel vum 3. September 2017 hat d'WOXX eng Lëscht vum gréngen Europadeputéierten Sven Giegold verëffentlecht, an där d'Nimm vun alle Lëtzebuerger Banken, Affekoten, Consultanten, Fiduciairen a sou weider enthale sinn. Dës Lëscht huet et a sech! An da versteet ee firwat eis Lëtzebuerger Press den Deckel um Dëppes gelooss huet.

Fräisproch wéinst "Mangel u Beweiser"

An du koum de grousse Moment: D'Geriicht zu Panama-City huet den 28. Juni 2024 iwwerraschend all 28 Beschëllegten an de Panama Papers wéinst Mangel u Beweiser fräigesprach - méi goufen der net ugeklot. Dat wär och guer net méiglech gewiescht, well bei hirer Razzia hat déi panamesesch Police nämlech keng Responsabel an de Bréifkëschtefirmen ugetraff. D'Beweiser? Oh, si ware wuel iergendwou am Gewulls vun de Classeure verluer gaangen. D'Riichterin sot: "Authentizitéit an Integritéit? Kléngt wéi ee schlechte Krimi. Nächste Fall, wannechgelift!"

All déi Regierungscheffen an aner Mandatsträger, déi no der Verëffentlechung vun de Panama Papers zréckgetruede sinn, hätten deemno roueg kéinten an hiren Ämter bleiwen. Et ass jo alles korrekt ofgelaf. A Panama ginn net nëmme legal Steieren hannerzunn a Geld wäissgewäscht, mee och d'Gaunerei selwer gëtt salonfäheg gemaach, an dat esouguer "von Richters Gnaden".

Also, wann Dir eng Bréifkëschtefirma grënne wëllt, frot net laang rondrëm - wend Iech vertrauensvoll un ee Lëtzebuerger Affekot, Steierberoder oder Consultant. Dann ass Äert Verméigen esou gutt verstoppt wéi eng Lëtzebuerger Bréifkëscht.

De Michel Rodange huet schonn 1872 a sengem "Renert" geschriwwen:

D'Welt ass e Sak voll Kriibsen,

Wou een deen aner zwéckt;

Di iewescht gi gejuppelt,

Di ënnescht ginn zerdréckt.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0