· 

#Satir - No den "Arbres remarquables"

kommen lo d' « Personnalités remarquables » un den Tour?

No der Enthüllung vum Mouvement écologique, 400 Beem am Land de Rang vum “Arbre remarquable” ofzeerkennen, bleift et net dobei. Kierzlech gouf bekannt, datt eng weider Lëscht zirkuléiert mat Politiker a Perséinlechkeeten, déi am Gaang sinn un hirem Statut vun der “Personnalité remarquable” ze seeën oder schonn ofgeseet goufen.

▲ Jean Asselborn, François Bausch a Grand-Duc Henri: si stoungen als éischt op der Lëscht.
▲ Jean Asselborn, François Bausch a Grand-Duc Henri: si stoungen als éischt op der Lëscht.

Dräi Véierel vun de 535 “Arbres remarquables” hunn hire Statut verluer an ziele vun engem Dag op deen aneren just nach zu den hondsgewéinleche Beem, déi ouni weideres kënnen ofgeseet ginn.

Zanter de #Luc um Rudder ass, bléist en anere Wand zu Lëtzebuerg. Déi “arbres remarquables” sti just am Wee beim Bau vun deene villen, neie Residencen a Lotissementer an et gëtt gemunkelt, de #Luc hätt och eng Lëscht mat Politiker a Perséinlechkeeten opgestallt, déi hie stéieren.

Den éischten op der Lëscht war de Jean Asselborn, du war et um Bausche Fränz an och souguer eise Grand-Duc blouf net verschount. Just bei der Escher DP ass de #Luc bereet, en Aa zouzedrécken, schliesslech staamt hie selwer vun Esch an hie wëllt sech et net mat der DP als Koalitiounspartner verdierwen. Déi frësst him nämlech aus der Hand, schléckt alles wat hie presentéiert, hält sech aus de Medien eraus an ass einfach nëmme frou, an der Regierung ze sinn.

Jean Asselborn: Vum Ausseminister zum Entertainer

De Jean Asselborn war Jorzéngte laang den déngschteelsten Ausseminister vun der Welt, ma schonn am November d'lescht Joer, kuerz no de Walen, huet et beemol geheescht, hie géif der Politik no iwwer 40 Joer de Réck dréinen. Ganz ass hien awer net vun der Bildfläch verschwonnen, well de Jang huet eng nei Beruffung fonnt: Riedner sinn. Jo, Dir hutt richteg gelies! Eise Jang, deen eng Kéier diplomatesch Verhandlungen gefouert an international Relatioune gefleegt huet, steet elo op der Bühn, géint Bezuelung, wuelverstanen, a schwätzt viru Publikum, dat ebenfalls bezilt fir him nozelauschteren. Et kann een de Jang beim renomméierte London Speaker Bureau fir Riedekënschtler buchen. Dat ass iwwregens déi selwecht Promiagence, wou och de fréiere Lëtzebuerger Premier a fréieren EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker ugebuede gëtt. Op der Websäit vun der Agence kritt den Interessent a potentielle Client mat engem klenge You-Tube-Teaser d'Zong laang gemaach vum Jang sengem rhetoreschen Talent.

▲ Screenshot vun der Internetsäit vun der Promi-Agence "London Speaker Bureau", wou een de Jean Asselborn als Riedner buche kann.
▲ Screenshot vun der Internetsäit vun der Promi-Agence "London Speaker Bureau", wou een de Jean Asselborn als Riedner buche kann.

De Jean Asselborn, dee fréier mat Staatscheffe verhandelt huet, huet seng rhetoresch Kompetenzen op en neien Niveau bruecht a benotzt elo Buzzwords wéi "Synergie", "Paradigmewiessel" a "Win-Win-Situatioun." Ob et ëm de Konflikt am Mëttleren Oste geet oder d'Fro, ob ee léiwer Kaffi oder Téi drénken soll - de Jang huet eng Meenung an deelt se gär mat der Welt.

Amplaz a luxuriéise Limousinen ze reesen, hëlt hien elo Uber. "Ech hu geléiert, datt ee muss flexibel am Liewe sinn", erkläert hien. "Ech kann souguer meng Musek am Uber eraussichen."

Dem Jean Asselborn seng nei Aarbecht huet och him seng Prioritéite geännert. Amplaz international Krisen ze léisen, bewäert hien elo Restauranten op Tripadviser. "De Sushi am Tokyo Tower war exquisitt, awer d'Toilette kéinte méi propper sinn", schreift hien.

▲ Dem Jean Asselborn säi Buch "Merde alors!"
▲ Dem Jean Asselborn säi Buch "Merde alors!"

Iwwert säi wuel berüümteste Saz a senger Carrière, huet de Jean Asselborn ee Buch erausginn mam Titel… "Merde alors!". Et kann een nëmmen hoffen, datt hien net och nach als Influencer op TikTok optaucht - oder vläicht dach? Zäiten änneren sech, an de Jean Asselborn ass bereet, matzezéien.

De Bausche Fränz: Den On-Gedëllegen

De François Bausch, senge Frënn als "de Fränz" bekannt, huet viru kuerzem déi politesch Zeen verlooss. Hien hannerléisst eng Hellewull un Erënnerungen - eng méi groussaarteg wéi déi anerer.

An der Chamber huet de Fränz eng reegelrecht Blëtzcarrière hannert sech. Réischt den 8. Oktober 2023 gewielt, huet hie schonn nees de 25. Juni 2024 säi Récktrëtt ugekënnegt. Dat ass méi séier wéi de Blëtz!

Bei de Wahlen am Oktober 2023 huet seng gréng Partei fënnef vun néng Sëtz verluer an de Fränz muss geduecht hunn: "Wa mir scho verléieren, dann awer richteg!"

De Fränz huet seng politesch Odyssee bei der extremlénker LCR (Ligue Communiste Révolutionnaire) ugefaangen. Vun do aus huet hien en Tëschestopp bei der LSAP gemaach, ier e schlussendlech bei de Grénge geland ass. Dat nennt ee politesch Navigatioun! Béis Zonge behaapten, hien hätt ëmmer eng Weltkaart mat politesche Parteien an e Kompass a senger Boxentäsch.

Während senger Mandatszäit als Verdeedegungsminister huet de Fränz sech als trei gesënnte Fanatiker vun der NATO entpuppt. Dem Lëtzebuerger Wort huet hien souguer gebeicht: "Ech war ni Pazifist!". Am léifsten hätt hien sech souguer en Tattoo "INATO" op den Aarm stieche gelooss, wann dat net sou onökologesch gewiescht wier.

Ma och als Bauteminister huet hie senger Funktioun all Éier erwisen. Fir de Käerjénger Contournement ze bauen, war hie bereet, eent vun de leschte Natura-2000-Gebitter an der Südregioun, de Bobësch, ze afferen. Den Tram wollt hien souguer duerch de Stater Park bauen.

Déi gréng Basis huet hie skeptesch ugekuckt a gefrot: "Ass dat dee selwechte Fränz, dee Blummekränz fir de Weltfridden gewiewt huet an sech un d’Beem ugestréckt huet fir géint de Bau vun der Nordautobunn ze protestéieren?"

▲ Dem Bausche Fränz säi Buch mam Titel "François Bausch: der Un-Geduldige".
▲ Dem Bausche Fränz säi Buch mam Titel "François Bausch: der Un-Geduldige".

Och de Fränz huet 2018 ee Buch erausbruecht mam Titel "François Bausch: Der Un-Geduldige". 

Well d'Buch ee Ladenhüter gi war, gëtt lo un enger Neioplag gebastelt an et soll ëm ee Kapitel erweidert ginn: "D'Konscht vum politeschen Exitus."

Et bleift ze hoffen, datt dem Fränz seng Pensioun sou spannend gëtt wéi eng Zuchfaart ouni Verspéidungen - an ouni politesch Ëmweeër!

Henri, den Home-Office-Monarch

Um Nationalfeierdag huet den Henri, grand-duc de Luxembourg, duc de Nassau, prince de Bourbon-Parme,compte palatin du Rhin, de Sayn, de Königstein, de Katzenelnbogen et Diez, vicomte de Hammerstein, seigneur de Mahlberg, de Wiesbaden, d'Idstein, de Merenberg, de Limburg et Eppstein, chevalier de Namur - sou säi kompletten Titel - ugekënnegt, sengem eelste Jong Guillaume d'Geschäfter um Haff ze iwwerginn an hien zum Lieutenent-Représentant, also zum Statthalter, ze ernennen, awer eréischt am Oktober 2024.

Déi lokal d'Press, déi d'Noricht vum Haff wéi ee Staatsgeheimnis gehüt an souguer de groussherzoglechen Embargo agehalen huet, awer och eis Poliker an d'Vollek hu sech ganz iwwerrascht gewisen. Dobei war längst bekannt, dass den Henri géif a seng wuelverdéngte Pensioun goen. Déi auslännesch Press an och eis Lëtztebuerger Zeitungen hate schonn am Abrëll dës laangen an dës breeden doriwwer bericht.

▲ Titelen aus der auslännescher a Lëtzebuerger Press vum Abrëll 2024.
▲ Titelen aus der auslännescher a Lëtzebuerger Press vum Abrëll 2024.

Zënter datt de Grand-Duc Henri a seng Fra Maria Teresa en Appartement zu Biarritz a Südfrankräich kaaft hunn, hu si souwisou méi Zäit do verbruecht wéi zu Lëtzebuerg. D'Wunnéng läit direkt vis-à-vis vum Atlantik a bitt en exklusive Bléck mat "vue sur mer". Den Henri huet d'Konzept vum Frontalier op en neien Niveau gehuewen – well vun do aus ënnerschreift hien nämlech och Gesetzer, grad esou wéi wann hien am Büro zu Lëtzebuerg wier.

Wärend aner Monarchen drop halen, hir kinneklech Aufgaben a pompöse Raim auszeféieren, sëtzt den Henri gemittlech am Short, mam Laptop beim Kichendësch an drénkt säi Kaffi aus enger Taass mam groussherzogleche Wopen.

Dem Henri seng Fra ass bekannt fir hir temperamentvoll Natur. Ob si de Gärtner vernennt oder de Kach beleidegt - d'Boulevardpress ass begeeschtert vun hir. "Maria Teresa - déi wierklech Herrscherin vu Lëtzebuerg", huet kierzlech eng vun de Klaatschzeitunge geschriwwen. Den Henri zéckt just mat de Schëlleren a seet: "Op d'mannst hält hatt mir op déi Manéier de Réck fräi."

Tëscht 1998 an 2000 war den Henri selwer "Lieutenant-Représentant“ vu sengem Papp, dem Grand-Duc Jean. "Déi gutt al Zäiten", denk hie sech wéi hien eng E-Mail un de Guillaume schreift: "Vergiess net den Drecksbac erauszestellen."

Den Henri ass vläicht e Groussherzog, awer hien ass virun allem e Mënsch - mat enger Virléift fir den Home Office an enger Fra, déi d'Personal ënner Kontroll hält. A loosse mer éierlech sinn: déi meescht Lëtzebuerger si frou, esou eng groussherzoglech Soap-Opera ze hunn.

Wien ass dee Nächsten?

D'Opreegung am Land ass grouss a jiddereen ass gespaant, ween dann dee Nächsten ass. Tjo, mee de #Luc léisst sech net an d'Kaarte kucken. Hien hält seng Lëscht geheim a souguer wa parlamentaresch Ufroe komme sollten, réckelt hie keng Informatiounen eraus. Et gëtt gemunkelt, hie géif selwer op de Poste vum Grand-Duc spekuléieren, sou dass hien da Staatschef a Premierminister an enger Persoun wär.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0