· 

#Satir - Aarmut zu Lëtzebuerg: "Mir loosse keen am Reen stoen"

Méi Obdachlose-Strukturen, awer ëmmer nach keng Wunnéngen

"Mir loosse keen um Rand vun eiser Gesellschaft stoen an déi, déi do stinn, déi gi mer sichen, fir se erëm an d'Gesellschaft eranzebréngen", huet dee neie #Luc tëschent zwee Schnittercher, mam Humpen an der Hand, op der CSV-Summerparty zu Hesper gesot. Dëse Statement ass dem chrëschtlechen Innenminister Léon Gloden batter eropgestouss.

▲ Den Innenminister ass net begeeschtert vum Premierminister senger Iddi, déi Leit, déi um Rand vun der Gesellschaft stinn, sichen ze goen fir se nees zréck an d'Gesellschaft ze bréngen.
▲ Den Innenminister ass net begeeschtert vum Premierminister senger Iddi, déi Leit, déi um Rand vun der Gesellschaft stinn, sichen ze goen fir se nees zréck an d'Gesellschaft ze bréngen.

De Premier huet mat enger weiderer Wuerthüls opgehal, wéi e gesot huet “Mir loosse keen am Reen stoen”, ee Saz, dee jidderee schonn honnert Mol héieren huet.

Ausgerechent um Dag vun der CSV-Summerparty huet d'Organisatioun “Solidaritéit mat den Heescherten”, zesumme mat de Beschäftegten un der sozialer Front, dem neie #Luc, deen d'Aarmutsbekämpfung zu senger Prioritéit gemaach huet, ee säftege Message an d’Stammbuch geschriwwen. An engem Communiqué hunn si op déi onmëschlech Zoustänn fir Sans-Abrisën higewisen, déi extrem laang op en Ënnerdaach an enge vun de wéinegen Nout-Strukturen waarde mussen, higewisen, wat virun allem am Wanter ëmmer méi zu engem Problem gëtt. Bei der Opnam vu Flüchtlingen aus der Ukrain wär dat komescherweis vill méi onkomplizéiert verlaf. D’Sozialaarbechter, déi aus Angscht viru Repressalien vu säite vun der Regierung anonym bleiwe wollten, werfen der Regierung ee kompletten Échec vum System vir, bei deem ze vill Mënschen um Rand vun der Gesellschaft stoe gelooss ginn.

De neie #Luc weist Versteessdemech

Beim gemeinsame Patt zu Hesper huet de #Luc sech et net huele gelooss fir op d’Virwërf am Communiqué vun der Associatioun “Solidaritéit mat den Heescherten” anzegoen, an huet drun erënnert, dass hie selwer eng laang Zäit ouni Akommes war a virum Existenzminimum stoung. Dat war Ufank 2023, wéi hie gefrot gouf fir nationale Spëtzekandidat vun der CSV ze ginn. Deemols – an dat muss een der Éierlechkeet halber zouginn – hat de #Luc all seng Joben opginn. “Ech verdéngen iwwerhaapt keng Sue méi a liewe vu menger Fra hirer Pai ”, hat hien am Abrëll d’lescht Joer op RTL geklot.

Dem #Luc keeft een dat of, schliesslech hat hien et déi Zäit immens schwéier a koum net derlaanscht, de Rimm méi enk ze zéien.


Viru 15 Méint:


CSV-Innenminister Gloden: "Net d'accord!"

Allerdéngs stoussen dem #Luc seng Aussoen op der CSV-Summerparty net nëmmen op Zoustëmmung. Dem Innenminister Léon Gloden huet een d'Roserei am Gesiicht ofgesinn, schliesslech gëtt et ee parteiiwwergräifende Konsens, d’Heescherten an déi Obdachlos mat alle Mëttelen aus dem Stadbild ze verbannen an un de Rand ze drängen. “Sollen se dach schaffe goen ”, huet hie fir sech gegrommelt, an huet sech geschuddert iwwert dem #Luc säi Gedanken, déi vum Rand vun der Gesellschaft och nach sichen ze goen. “Feelt nach just, dass déi op der nächster Parteiparty optauchen! Déi halen sech weder un den Dresscode vum Urban Chic, nach hunn se Manéieren. Knapps um CSV-Fest ukomm, stierzen se sech an hire verwäschenen Hoodieën op de Buffet an hunn de Gedrénksstand an enger halwer Stonn geplëmmt ”, huet hie sech geduecht.


Och interessant:


DP huet d'Léisung

Ma och de Koalitiounspartner DP huet den Dag selwer "hefteg" op de Communiqué vun de Sozialaarbechter reagéiert, an et kritt een den Androck: "Aha! Elo deet sech eppes." De Familljeminister Max Hahn huet perséinlech an d'Redaktioun vun RTL ugeruff a sech schockéiert iwwert d’Zoustänn am Land gewisen. Hie versteet net, firwat esou vill Leit an d’Aarmut ofrëtschen, wou dach alles gemaach gëtt, dass Lëtzebuerg säin Tripple-A behält. Mat engem BIP vun 129.800€ USD pro Kapp si mir statistesch gesinn dat räichste Land op der Welt. Bei deem BIP per capita maachen dat ëmmerhin 10.000 Euro de Mount aus! Eréischt kierzlech huet d’ILRES erausfonnt, dass de Lëtzebuerger sech vun engem Joresakommes vun 365.000€ un als verméigend ugesäit. “Esou schlecht geet et dem Land also net ”, fënnt de Max Hahn, a schlussfolgert: “Dass mir Europameeschter bei de Working Poor sinn, ass am Fong geholl just ee klenge Schéinheetsfeeler .

De Max Hahn huet och eng Léisung! Fir dass et deenen Aarmen am Land endlech besser soll goen, post hien op Facebook: "Sozial-selektiv Ënnerstëtzung fir déi vulnerabelst an eiser Gesellschaft. "Domat hunn ech ee wichtege Schrëtt gemaach fir d'Situatioun ze verbesseren.", ass hien iwwerzeegt.

▲ Den DP-Familljeminister op Facebook: Hie geet resolut géint d'Aarmut am Land vir a post: "Ënnerstëtzung fir déi vulnerabelst an eiser Gesellschaft."
▲ Den DP-Familljeminister op Facebook: Hie geet resolut géint d'Aarmut am Land vir a post: "Ënnerstëtzung fir déi vulnerabelst an eiser Gesellschaft."

"Mir wëlle queesch duerch d’Land méi kleng, zousätzlech Strukturen opmaachen", huet hie proposéiert.

Un d’Tatsaach, datt säi Parteikolleeg Claude Meisch zoufällegerweis Logementsminister ass, deem seng Aufgab et ass, dofir ze suergen, dass endlech jiddereen säi Mënscherecht op eng Wunnéng ka geltend maachen, hat de Max Hahn ganz vergiess.

D'Regierung weess wierklech wéi ee Prioritéite setzt. Wien brauch schonn eng Léisung op akut Problemer wann een d'ganzt Land ka mat engem dohirlafende Känguru beschäftegen?


Och interessant:


Kommentar schreiben

Kommentare: 0