· 

#Satir - Xavier Bettel: si tacuisses, philosophus mansisses

De Lëtzebuerger Ausseminister schwätzt de Fransousen eng Gambia-Koalitioun op

De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel mëscht sech an d'Interna vu Frankräich an, a schwätzt de Fransousen eng Gambia-Koalitioun "vun der Mëtt", no Lëtzebuerger Modell, op. 

Den Xavier Bettel, deen sech allem Uschäin no als politischen Architekt gesäit, fuerdert d’Fransousen op, eng Koalitioun vun der Mëtt op d’Been ze stellen – natierlich ouni d’ “Extremisten” vun der “France Insoumise”. 

"Déi meescht wëllen net mat der France Insoumise schaffen" , huet de Lëtzebuerger Ausseminister op RTL gesot, a gëtt de Fransousen ee gudde Rot: "Ech wënsche mer wierklech, dass verstänneg Politiker wéi déi Gréng, wéi di Rout [Sozialisten, N.D.A.], wéi di vun 'Ensemble' zesumme kucken, eppes ze bilden fir ze kucken, mat deem engen a mat deem aneren eng Majoritéit ze fannen.“

Hie wënscht sech fir Frankräich also eng Gambia-Regierung, sou wéi mir eng heiheem haten. Den Xavier Bettel trëtt wéi ee Reesender op, dee Gebrauchsanweisunge fir ee politescht IKEA-Regal verdeelt: “Hei sinn d’Stécker fir d’Mëtt, ma vergiesst net, d’Extremiste-Schrauwen op d'Säit ze leeën!”

Dobei schéngt hie ganz vergiess ze hunn, dass de Wieler am Hierscht d’lescht Joer déi Lëtzebuerger Gambia-Koalitioun an d’Wüst geschéckt huet.

Eng Glawensfro

Wat de franséische President da falsch gemaach hätt, freet de Radiosjournalist. Wourop den Xavier Bettel mol einfach guer näischt äntwert, wat den RTL-Speaker awer net weider stéiert. De Lëtzebuerger Ausseminister behitt dem President Macron seng Feeler genausou wéi en d’Instruktiounen behidd, wéi een am beschte säi Schal ëm den Hals wéckelt – wee weess? Amplaz vun enger Äntwert, schwadronéiert den Xavier Bettel iwwer „demokratesch Parteien, déi un Europa gleewen, déi un d’Wäerter gleewen an déi un d’Wirtschaft gleewen.

An esou, wéi wann de Verloscht vum Macron sénger Presidentelëscht "Ensemble" vu bal honnert Mandater (se sackt erof vu 245 op 150 Sëtz, wat ee Minus vun ëmmerhi 40 Prozent ausmécht) just eng Bagatell wär, fuerdert de Lëtzebuerger Ausseminister, datt ausgerechent de Walverléierer nees eng Haaptroll an der neier franséischer Regierung spille soll, wärend hien de Gewënner, den Nouveau Front Populaire, als net regierungsfäheg bezeechent, zumindest esoulaang wéi "La France Insoumise" (a wahrscheinlech och d’Kommunisten) weiderhin am Gewënnerblock vertruede sinn.

D'Bettel-Logik ass eben déi perfekt Léisung fir all politesch Problemer: Einfach mol e puer Sëtz verléieren - et voilà ! – schonn ass ee prett fir an d’Regierung! An net vergiessen: den eigentleche Walgewënner muss ordentlech bekämpft an diffaméiert ginn, mam Hannergedanken, eng Spaltung ze provozéieren. Esou funktionnéiert dach déi richteg Demokratie, gell?

"Diplomatie" kënnt vun "Diplom"

Eng Fro, déi vill Leit sech stellen: Wat geet den Ausseminister vum engem Zwergestaat un, sech an d’Interna vum gréissten EU-Staat anzemëschen an ëm och nach seng eege perséinlech politesch Präferenzen opzedrécken? Gëltt den Ausseminister net allgemeng als "Chef vun der Diplomatie“? Am Begrëff "Diplomatie“ läit dat laténgescht Wuert "diploma“, ma deen huet den Xavier Bettel vrun zwee Joer nees missten zréckginn, nodeems an där fir hie peinlecher Plagiatsaffär erauskoum, datt e bei senger Ofschlossaarbecht gefuddelt hat.

Interessant wär et och ze wëssen, wéi sech dann de lëtzebuerger Aussminister d’Zesummenaarbecht mat eisem franséische Noper virstellt, no sengen Aussoen op RTL, falls de Jean-Luc Mélenchon dann awer an der nächster Regierung vertrueden wär oder souguer Premierminister géif ginn.

Dem lëtzebuerger "Chef vun der Diplomatie" kann ee just soen: "Si tacuisses, philosophus mansisses." (Wanns de de Bak gehalen häss, wärs de ee Philosoph bliwwen).

Kommentar schreiben

Kommentare: 0