· 

#Satir - D’Lëtzebuerger Friddensengelen an déi 80 Milliounen Euro

Ee satiresche Bléck op den NATO-Sommet

Um NATO-Friddenssommet vum 9. bis den 11. Juli 2024 zu Washington huet Lëtzebuerg séng ganz Pracht gewisen a war net nëmme vun engem, mä gläich vu véier Spëtzepolitiker vertrueden. Dat waren: de neie #Luc a senger Funktioun als Premier Minister, den Ausseminister Xavier Bettel, de Chamberpresident Claude Wiseler an d’Nancy Arendt, épouse Kemp, Member vun der parlamentarescher Kommissioun fir Polittourismus.

D'NATO feiert hire 75. Grënnungsjubiläum a gëtt dacks vun eise Politiker als de gréisste Friddensprojet gefeiert. De spirituelle Leader? Dee bal 82 Joer alen Joe Biden. Jo, dat ass dee Mann, dee méi al ass wéi d'NATO selwer. Awer keng Angscht: hien ass bei gudder Gesondheet - trotz Rumeuren datt hien e Roboter wär, dee mat Kaffi bedriwwe gëtt. Am Géigesaz zu der NATO, déi de franséische President Macron mol als “klinesch dout” bezeechent huet.

Dräi Deeg laang souzen d'Friddensapostelen aus 32 Länner friddlech beieneen an hunn hir Friddensmissioun an der Ukraine gestäerkt. Käschten: nëmme 40 Milliarden Euro. Den neien #Luc huet houfreg ugekënnegt, datt Lëtzebuerg déi generéis Zomm vun 80 Milliounen Euro bäileet. Dat ursprénglecht Zil gouf ëm 10 Milliounen iwwerschratt - en Triumph fir d'Lëtzebuerger Staatskeess an e Grond fir d'Schampesstëpp fléien ze loossen.

EUROPA, D'UKRAIN AN DEN OBLIGATORESCHE MILITÄRDÉNGSCHT

De #Luc huet betount, datt Europa op de Prinzipie vu Fridden, Fräiheet, Rechtsstaatlechkeet an Demokratie opgebaut ass. An d'Ukraine? Si entsprécht dëse Prinzipien nach vill méi wéi munch westlech Länner. Ëmmerhin bitt se net nëmmen Demokratie, mee och e puer zousätzlech Wäerter wéi Meenungsfräiheet, Reliounsfräiheet a Korruptiounsbekämpfung.

D'Lëtzebuerger Friddensministesch Yuriko Backes huet viru kuerzem eng Debatt iwwer d'Neesaféierung vum obligatoresche Militärdéngscht net ausgeschloss. Wa Lëtzebuerg schonn an de Fridden investéiert, da sollen d'Friddensengelen och richteg ausgebilt ginn. Wie weess, vläicht gi se geschwënn mat Flilleken ausgestatt an zéien an de Fridden.

Dem Weltfridden d'Muskele weisen

Déi nächst Friddensmissiounen vun der NATO sinn a Russland, China a Nordkorea. E puer Leit behaapten, datt wann d'NATO an d'EU esou weiderfueren, mer geschwënn nees ee neie Weltfridden hunn. Déi eenzeg Fro ass, ob d'Welt prett ass fir esou vill Fridden.

De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel, dee sech virun engem Joer nach fir d'Verhandlungen tëscht der Ukraine a Russland ausgeschwat huet a selwer probéiert huet, tëscht béide Parteien ze vermëttelen a sech dowéinst näischt virzewerfen huet, huet et nom NATO-Sommet treffend resümméiert: "Et geet drëm, Muskelen ze weisen." Jo, Muskelen. Well deee beschte Fridden bréngt näischt ouni ee gutt ausgeprägte Bizeps.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0