· 

#Satir - "Politesch Gewalt"

Eng kleng Lektioun an Doppelmoral

Wéi net anescht ze erwaarden, kommen nom Attentat op den Donald Trump aus allen Ecke vun der Welt Bekenntnisser a Bekundungen géint d’Gewalt, och vun eise Lëtzebuerger Spëtzepolitiker, déi sech géint "politesch Gewalt" ausschwätzen.

Opriff géint d’Gewalt kommen souguer vun deene Politiker, déi den Trump am Léifste bei der Jomer wënschen a nach virun dräi Deeg zu Washington zesummesouzen, wou se fir zig Milliarden en neien „Hëllefspak“ fir den Zelensky ugeholl hunn. Sou wéi wann aus de Streebommen, déi un d’Ukarin geliwwert ginn, Blummen erausfale géifen.

D’US Vize-Presidentin huet souguer gesot, Gewalt dierf net méi erlaabt sinn, an och den netgewielten ukrainesche President a „Friddensstëfter“ Zelensky huet iergendeppes vun Demokratie a Gewaltlosegkeet gefaselt.

Ma och eis Lëtzebuerger Elitepolitiker klamme séier op den Zuch a ginn sech pazifistesch, obwuel se nach virun nëmmen e puer Deeg dem Krich, pardon: de Friddensbeméiungen, an der Ukrain kopfnickend zougestëmmt hunn an souguer nach eng Schëpp dropgeluecht hunn, andeems Lëtzebuerg der Ukrain eng Extrawurscht vu läppeschen 80 Milliounen Euro Steiergelder fir „gewaltfräi“ Munitioun an anert pazifistescht Krichsgezei ugebueden huet.

Nodeems de neie #Luc de Moien, nach an der Robe de chambre, d’Pushnoricht vum Wort gelies huet, schreift hien huerteg op X, an zwar op Englesch: 

"There is absolutely no place for political violence in our democracies." Ah bon! Keng Plaz fir "politesch Gewalt". Jo dann ass jo alles ok, well "politesch Gewalt " ass jo eppes ganz anescht, wéi déi "normal Gewalt", wéi déi am Donbass, zum Beispill. Déi "politesch Gewalt " muss gesonnert betruecht ginn an ass op kee Fall ze verwiesselen mat Krichsgewalt. Ee Sniper-Gewier a Pennsylvania liquidéiert anescht wéi ee Sniper-Gewier am Donbass.

Anescht wéi säi Virgänger Jean Asselborn, deen de President Putin wollt "physesch eliminéieren", schwätzt sech den Ausseminister Xavier Bettel géint "Gewalt an der Politik" aus. Obwuel hien nach virun dräi Deeg posaunt huet, et misst een dem Fridden d’Musekele weisen, huet den Xavier Bettel folgendes op X, och op Englesch, gepost, fir dass den Donald Trump et versteet, wann hien et liest:

"In politics (...), violence can and should never be the answer! " (An der Politik, ... kann an däerf Gewalt nimols d’Äntwert sinn), mee dat gëlt anscheinend just "in politics", um Schluechtfeld, am Donbass, wou zeg Zivilisten "friddlech" duerch europäesch an amerikanesch Kugelen a Rakéiten gemetzelt ginn, musse een dat selbstverständlech méi nüancéiert betruechten.

"Heuchelei ass déi offensichtlechst Form vun der Béisartegkeet.“ -Oscar Wilde

Kommentar schreiben

Kommentare: 0