· 

#Satir - Nepotismus zu Hesper

Ee Familljendrama mat "schwaarzem" Hannergrond

De Buergermeeschter Marc Lies vun Hesper huet sech als richtege Familljemënsch erausgestallt - op d'mannst wann et ëm d'Verdeele vu guttbezuelten

Posten op der Gemeng geet.

Dem Buergermeeschter seng Stéifduechter, déi och nach zoufälleg an der Hotelsschoul war (well wee brauch schonn een Akademikerdiplom fir eng usprochsvoll Positioun?), gouf fir de Posten vun der Coordinatrice am Kader vum "pacte communal" ausgewielt. Fir d'Oppositioun war dat natirlech ee gefonntend Friessen.

Firwat soll een sech mat iwwerflëssegen Diskussioune wéi Qualifikatiounen oder Kompetenz ronderëmschloen? Ëmmerhin ass den Nepotismus deen neien Trend! Vergiesst de curriculum vitae - schliisslech hu mir hautdesdaags Facebook-Frënn a virun allem ee Stammbam fir déi bescht Kandidaten ze fannen. A wann d'Stéifduechter zoufälleg op d'Beschreiwung vun deem Poste passt, dann ass dat eben ee glécklechen Zoufall.

D'Gemeng Hesper huet d'Annonce esou formuléiert, datt de Profil nëmmen op dem Buergermeeschter seng Stéifduechter passt - wéi wann et e Kostüm op Mooss wier. Wat ass da schonn dobäi? Dat war nach ëmmer esou zu Hesper. An déi aner Kandidaten? Bof! Hinnen huet einfach dee néidege Pep gefeelt. Vläicht haten si vergiess hir Familljerelatiounen an den CV ze schreiwen? Oder vläicht waren hir Elteren net prominent genuch op Instagram? Wee weess!

A firwat nenne mir dat net einfach Korruptioun? Well Vetternwirtschaft ebe vill méi bequem kléngt! Vetternwirtschaft ass wéi eng Partie Monopoly, bei där déi eege Kanner iergendwéi ëmmer op den deierste Stroosse landen. "Mäi Kand, ech hunn eng Aarbecht fir dech reservéiert - am Numm vun der Famill!" Kléngt dach familiär a vertraut, oder?

Also léif Hesper Gemeng, weider esou! Firwat sech mat objektive Selektiounscritèren beschäftegen, wann et och mam gudden ale Familljeclan geet? A wann ee freet firwat mer d'Vetternwirtschaft net einfach Korruptioun nennen, dann äntweren mer mat engem charmante Laachen: "Well Korruptioun kléngt sou ... onperséinlech, mäi Kand !"


Fir déi, déi méi iwwert deen ausgeschriwwene Posten bei der Gemeng Hesper wëlle gewuer ginn, kënnen sech um Facebook-Post vun "Déi dommeste parlamentaresch Fro" schlau maachen. ▼


Op X huet d'Tageblatt de 16. Juli 2024 folgende post püblizéiert:

Kommentar schreiben

Kommentare: 0