· 

#Satir - De City Tree vun Déifferdeng

Eng hëlze Këscht, déi behaapt, si wär eE Bam

Ee Frënd huet mer eng Foto gewisen vun enger laanger hëlzener Këscht, déi de héije Wee opgeriicht am ëffentleche Raum steet. Op der Këscht steet "City Tree", a ronderëm dee künstleche "Stadbam" ass esouguer eng Bänk, genau wéi bei engem richtege Bam. Bewonnere kann een dës innovativ Errungenschaft zu Déifferdeng.

▲ Innovativ Stadplanung zu Déifferdeng: de "City Tree".
▲ Innovativ Stadplanung zu Déifferdeng: de "City Tree".

Nee, mäi Kolleeg huet net den Uz mat mir gedriwwen, dat Bild, dat e mer gewisen huet, ass keng Fotomontage, well no enger kuerzer Recherche sinn ech fündeg ginn. Am Wort ass haut en Artikel iwwert dee beléifte “City Tree”.

Do erkläert den Déifferdenger CSV-Schäffen Tom Ulveling ganz am Eescht: “De City Tree killt wéi 81 richteg Beem an hie kompenséiert sou vill CO2 wéi 44 traditionell Beem.” Net schlecht!, denken sech déi Déifferdénger a freeën sech drop fir sech mat dëser stilvoller hëlze Këscht virun der Sonn ze schützen. An d’Bänk eréischt! Dat ass déi absolut Sensatioun! Do fillt een sech wéi an enger Lounge, op där ee gemittlech lungere an iwwert déi progressiv Iddien vun der Gemeng Déifferdeng nodenke kann.

▲ Artikel LW, 23/07/2024.
▲ Artikel LW, 23/07/2024.

De City Tree huet awer nach ganz vill aner positiv Säiten, wéi den Tom Ulveling ënnersträicht: “Mär spueren enorm Plaz am Verglach zu richtege Beem a sinn net mat de Wuerzelen am Buedem, mat de Blieder oder mam Vullegesang geplot. Ausserdeem bekämpfe mär op déi Manéier d’Äerderwiermung a de Klimawandel – schliesslech wëllt d’Gemeng Déifferdeng bis 2030 klimaneutral sinn.

Ah, bon! Ma dann un d’Aarbecht! All Beem zu Déifferdeng an och soss am Land kënnen elo bedenkenlos, ouni ee schlecht Gewëssen ze hunn, emgeha an duerch hëlze Këschten ersat ginn. Ganz zum Pleséier vum neie #Luc, deen eréischt kierzlech 400 Beem de Statut vum “arbre remarquable” oferkannt huet, an domat de Startschoss ginn huet, fir endlech géint déi massiv an iwwerdriwwe Präsenz vu Beem am Land virzegoen. "Wa mir wëlle wuessen, brauche mir Bauland, a keng Beem", huet de #Luc eis op Nofro hi gesot an huet dobei och op déi nei Ëmweltphilosophie vun der Regierung higewisen, déi um Prinzip vun der "Natur auf Zeit" opbaut.

Déi wichtegst Noochricht awer huet den Tom Ulveling bis zum Schluss opgehuewen: “D’nächste Summer stelle mär de 'City Ocean' vir. Dat ass ee Planschbecken, dee mat Beton gefëllt an op der Moartplaz opgeriicht gëtt. Dës Attrapp gëtt de Leit dann d'Méiglechkeet, sech wéi op der belscher Plage ze fillen.”

Kommentar schreiben

Kommentare: 1
  • #1

    Fred (Dienstag, 23 Juli 2024 12:56)

    Ennert der Place des alliées ass en Parking souterrain, do kann een keng Beem pflanzen, et ass also duerchaus eng gudd Léisung fir déi Plazen wou Beem net méiglech sinn...