· 

Fotoreportage – Hannert der Glitzerfassad vu Lëtzebuerg

De Fotograph Jerry Klein huet d'Fermeture vum Stengeforter Camping a Biller festgehalen

Wann ee bis ufänkt, um Lack ze kraazen, gesäit een d'Realitéit. Dem Jerry Klein seng impressionant Fotoen iwwert déi lescht Deeg vum Stengeforter Camping, op deem eng Rëtsch Dauercamper ee Refuge fonnt haten, ginn ënnert d‘Haut. D'Biller goufe virun 10 Joer geknipst, zum Zäitpunkt, wéi d'Leit opgefuerdert goufen, de Camping ze raumen.

Bis den Oktober 2014 hat de Camping seng offiziell Adress op Nummer 72, Rue de Luxembourg zu Stengefort, huet awer seng Dieren zougemaach, well d’Bedreiwerin no iwwer drësseg Joer hir wuelverdéngte Pensioun geholl huet.

Fir eng Rëtsch Dauercamper, déi um Camping zu Stengefort een Doheem fonnt haten, wat hinnen ee Liewen op der Strooss erspuert hat, war d’Fermeture eng Tragedie. Keen anere Camping wollt eppes mat den "Asien vu Stengefort" ze dinn hunn, kee wollt se ophuelen.

"Ouni d'Anita [d'Bedreiwerin, N.D.A.] wiere mer verluer. Hatt huet eis sou vill gehollef. Hatt huet mir kierzlech eng al Caravane geschenkt, am Noutfall kann ech do eng Zäitche bleiwen.", gëtt ee vun den Dauercamper am l’Essentiel vum 8. August 2014 zitéiert

Den deemolegen Stengeforter CSV-Buergermeeschter, Jean-Marie Wirth, huet dem l’Essentiel de 7. Oktober 2014 verséchert : "Mir wäerten alles maache fir datt keen op der Strooss land. Mir huelen eis sozial Verantwortung eescht." Beim nächste Saz huet hien seng Ausso allerdéngs scho relativéiert, du koum den übleche "mais“: "Mat den aktuellen Maartpräisser ass et bal onméiglech fir esou Famillen eng Wunnéng ze fannen, well se normalerweis am Chômage sinn an se zielen och net onbedéngt zu den emgänglechste Locatairen. Eng Rëtsch vun hinnen sinn sech hirer Situatioun net richteg bewosst. Si mengen, datt de Staat wäert kommen fir hinnen ze hëllefen.“ Op d’Fro, ob eventuell mat Widerstand vun den Dauercamper ze rechne wär, déi net wéilte fortgoen, äntwert de Buergermeeschter : „Dat gleewen ech net. Den 1. November ginn all d'Leitungen ofgepëtzt an d'Areal gëtt ofgespaart.“

D'Biller gi püblizéiert mat der frëndlecher Erlaabnes vum Jerry Klein, engem lëtzebuergesche Fotograf, deem seng Wierker op senger Websäit ze gesi sinn: https://jerryklein.lu/

Kommentar schreiben

Kommentare: 0