#Satir - Petitiounen à gogo

Vum Comptoiresgespréich zur Ënnerschrëftesammlung

Kloer! Comptoiresgespréicher fannen hautesdags oft net méi am Bistrot, mee op Facebook & Co statt. A vun do aus landen se a Form vu Petitiounen um Internetsite vun der Chamber.

Ëmmer méi Leit sinn iwwerzeegt, datt d’Stammdëschgespréich vum leschte Bowlingowend oder déi vermeintlech schlecht Erfarunge mat enge vun eise Verwaltungen och de Rescht vum Land sollt interesséieren. Kuerzerhand gëtt sech bei petitions.lu vun der Chamber agelogged an eng Petitioun lancéiert fir d’Welt ze änneren. D’Revolutioun fënnt hautdesdags mat engem Klick op "signer la pétition“ vum Canapé aus statt.

An de leschten zwielef Méint goufen 360 Petitiounen um Chambersite online gesat – bal eng Petitioun pro Dag. Eng Meeschterleeschtung vun de soss éischter zréckhalende Lëtzebuerger. Aktuell lafen 38 Petitiounen – dat ass bal souvill wéi d’Zuel vun de Leit, déi all Dag am Stau stinn.

Ob ee mat der Petitioun tatsächlech eppes errécht oder d’Thema eng breet Mass vu Leit usprécht, ass nëmmen zweetrangeg. D’Haaptsaach ass, et kënnt een eemol grouss eraus – an et huet een eppes um Stammdësch ze zielen. Näischt beandrockt d’Nopere méi wéi "Ech hu grad eng Petitoun gestart fir de Mangel u Parkplaze fir SUVen beim Cactus unzegoen.

Déi am meeschten diskutéierte Petitiounen am Moment betreffen ouni Zweifel d‘Fro, ob LGBT-Themen an de Schoule solle behandelt ginn oder net. Well näischt fërdert de gesellschaftlechen Zesummenhalt méi wéi ee gudden heftege Sträit iwwert de Reeboufändel am Léierprogramm. 

Verschidde Petitiounen sin esou formuléiert, datt een se och bei der zweeter an drëtter Lektür ëmmer nach net versteet. Anerer sinn esou absurd, datt een sech d’Fro stellt, firwat d’Petitiounskommissioun d’Auteure net schützt amplaz se dem Spott vun der Ëffentlechkeet auszesetzen. 

Legaliséierung vum Bitcoin a vum Kokain – Wann de Staat endlech cool gëtt

Wärend ee vun de Petitionnären d’“integral Legaliséierung vum Cannabis“ fuerdert, mam Argument, domat géifen Aarbechtsplaze geschafe ginn, verlaangt en aneren d'Legaliséierung vum Kokain. Nees en anere Petitionnär verlaangt d’Legaliséierung vum Bitcoin, oder zumindest d’Unerkennung vum Bitcoin als Reservewärung vum Staat, well en iwwerzeegt ass, domat nei Investisseuren an d’Land ze lackelen. Prett fir d’Zukunft! Näischt geet iwwert eng onstabil Criptowährung, déi vu Computeren berechent a vu Freaken gehandelt gëtt.

Legaliséierung vum Heckeverbrennen – Firwat Vulle keng Lobbyiste sinn

Den Autreur vun der Petitioun Nummer 3199 fuerdert am Eescht d’Legaliséierung vum Heckeverbrennen, sou wéi wann et d‘Campagne aus den 1980er Joren ënnert dem Titel "Hecken an Hoen – Loosst se stoen“ ni ginn hätt. Wat brauche mer och schon déi topeg Hecken mat hire knaschtege Vullennäschter! Verbrennen! Fort mam Knascht! Als Motivatioun fir seng Petitioun huet den Auteur staark Argumenter: "Dass Leit rem kennen selwer frai entscheeden ob se Hecken verbrennen oder nit.“ Mir brauche kee Staat a kee Naturschutzgesetz, d’Leit solle selwer entscheede, wat se wëllen. Näischt geet eben iwwert eng Petitioun fir d’Fräiheet, Hecken ofzefakelen.

Legaliséierung vu Silvester-Knupperten – Wa mer d’Welt a Brand setzen, dann awer richteg!

D‘Petioun n°3244 fuerdert "ein klares nationales Gesetz zur Erlaubnis oder Verbot von Feuerwerkskörpern an Sylvester“. Ofgesinn dovun, datt Silvester mat engem "i“ geschriwwe gëtt, schéngt de Verfaasser vum Text net mat sech selwer eens ze sinn, ob seng Petitoun fir oder géint d‘Knallerei ass. Dat bescheidend Resultat vu provisoreschen 108 Ënnerschrëften weist drop hin, datt de Lëtzebuerger sech léiwer fir ee gemittleche Raclette-Owend entscheed wéi fir en explosiivt Freedefeier.

Bezuelbar Schueberfouer – Wann d’Achterbunn méi wichteg ass wéi bezuelbare Wunnraum

Bezuelbare Wunnraum? Dat war gëschter. Haut geet et drëm, eng bezuelbar Schueberfouer ze fuerderen. Dës extrem wichteg Petitioun betrëfft net nëmmen d’Spiller, mee virun allem "d'Iessen a Gedrénks déi lescht Joëren méi déier gi sinn“. Well loosse mer éierlech sinn: Wee brauch schonn en Daach iwwert dem Kapp, wann en sech kann e puer Tier um Caroussel leeschten? D’Schueberfouer wär schliesslech eng "letzeboiesch Tradition“, dofir wär et wichteg, d’Präisser erofzesetzen. Heemecht bedeit ebe virun allem genuch Frittebuden a Comptoiren mat erschwéngleche Präisser. 

Opronnen vun de Protokollen – Wann aus Strofen Drénkgeld gëtt

Ganzer 4 Ënnerschrëften konnt den Auteur vun der Petitioun n°3226 mobiliséieren, mat där hie fuerdert, d’Tariffer vun de Protokollen opzeronnen, an se op déi Manéier méi benotzerfrëndlech ze maachen. Quasi een Drénkgeld fir de Pechert oder de Polizist, ee klenge Geste fir Merci ze soen. Ëmmerhin muss hie bis bei Ären Auto kommen, säi Bloc a säi Bic eraushuelen an de Formulär ausfëllen. Als Begrënnung gëtt de Petitionnär ënner anerem un, dass een opgeronnte Betrag méi einfach ze handhabe wär, wat "zu enger méi grousser Biergerzefriddenheet bäidréit “. Näischt mécht de Mënsch ebe méi glécklech, wann e kann e bësse méi deier fir eng Infraktioun bezuelen. Ween et net gleeft, kann et gäre selwer testen: einfach beim nächste Protokoll dem Pechert oder dem Polizist e puer Euro dropleeën a mat engem frëndleche Laache soen: "Dat ass fir Iech, Monsieur. Fir dee perfekten Service!" Dir wäert gesinn, e wäerd sech freeën. 

Firwat sech also iwwer esou trivial Problemer wéi genügend a bezuelbare Wunnraum, Krich oder Fridden, Chômage oder Kanneraarmut de Kapp zerbriechen? Et ginn esou vill Themen, déi prioritär behandelt musse ginn. An der Lëscht vun de Petitiounen fannt Dir wat Dir sicht.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0