· 

#Satir - Explosiv Gewënner

D'Waffenindustrie: eng Success Story

An dëse glorräichen Zäite kënne mer frou sinn, datt d'Rüstungsindustrie boomt wéi ni virdrun. D'Waffenindustrie huet effektiv erreecht, d'Welt e bëssen "méi sécher" ze maachen, andeems se dofir suergt, datt ëmmer genuch Waffen am Ëmlaf sinn fir de "Fridden" ze garantéieren.

Dank der Dynamik vun de Waffentwéckler an -hiersteller kënne mer zouversiichtlech sinn, dass d'Konflikter net ausstierwen. D'Waffenindustrie ass souzesoen eng Success Story, déi Konflikter um Liewen hält.

A genee do läit eng vu hire gréissten Erausfuerderungen: Si muss effizient sinn, also ee Maximum vun Zerstéierung a kuerzer Zäit liwweren. An dofir solle mer d'Waffenindustrie bewonneren, déi et fäerdegbréngt, der Nofro gerecht ze ginn a séier ze produzéieren. Si ass innovativ a garantéiert, datt mer ëmmer nees nei a spannend Weeër fannen fir ze kämpfen. Schlussendlech ass et wichteg, datt mir d'Freed vum Krich net verléieren.

D'Rüstungsindustrie ass ee gelongent Beispill dofir, wéi een aus enger Kris ka Kapital schloen. All Kris ass eng Chance, an dat weess si ze notzen, besser wéi jiddfer aneren.

Leader sinn eis amerikanesch Frënn, déi am Joer 2023 Waffen fir insgesamt $238 Milliarde produzéiert hunn, wouvun ee gudden Deel fir den Export bestëmmt war. Dat entsprécht ongeféier néng Mol dem Lëtzebuerger Staatsbudget. 42% vun alle Waffe weltwäit kommen aus US-Produktioun, hannendru komme Frankräich a Russland mat jeeweils 11%, China mat 5,8%, Däitschland mat 5,6%, Italien mat 4,3% a Groussbritannien mat 3,7%. D'USA hunn dëse Match kloer gewonnen a mir sollten hinnen dofir gratuléieren. Si sinn de Champion vum weltwäite Waffenhandel.


Wat erstaunlech ass, ass datt d'Verléierer vum Zweete Weltkrich, Däitschland an Italien, déi 1945 no hirer Kapitulatioun verbuede kruten, hir Arméien auszebauen a schwéier Waffen ze produzéieren, elo nees ënnert den Top 10 vun de weltwäite Waffeproduzenten erëmzefanne sinn. Wierklech ee faszinéirenden an inspiréierende Comeback!

De Kampf géint den Honger an der Welt schéngt däitlech manner anzebréngen, well den Undeel vun den USA um weltwäiten Export vu Weess mécht nëmmen 13% aus. D'Waffenindustrie ass wéi e Gaart voller Blummen, just datt d'Blummen explodéieren.

Dank der Rüstungsindustrie kënne mir eis endlech sécher fillen, wa mer eis géigesäiteg an d'Lut sprengen. Firwat brauche mer dann och Fridden, wa ee sou vill Geld mam Krich verdénge kann?

Kommentar schreiben

Kommentare: 0