· 

#Satir - Klimawandel? D'Wieder litt.

Alles nëmme waarm Loft

Boah! Wat war dat eng Hëtzt! 34 Grad. Dobanne war et wéi an engem Bakuewen. Souguer ech, dee gréisste Skeptiker, hunn ugefaang un de Klimawandel ze gleewen.

Ech hunn all Klimaanlag a Ventilatoren ageschalt, déi ech opdreiwe konnt. Am Supermarché hunn ech d'Regal mat den Äiswierfelen eidel geraumt. Et ass mir egal ob aner Leit och Äis wollten. Den Éischten ass vir! Moies um 8 Auer stoung ech scho bei der Butteksdier, a soubal opgespaart war, sinn ech bei d'Frigoe gesprint an hunn de Caddy voll mat Äiscuben getesselt.

Ma dunn, nom leschten Donnerwieder, war nees alles am grénge Beräich. Et konnt een erëm ootmen an op eemol war de Klimawandel keen Thema méi. Natierlech hunn ech nees séier meng Meenung geännert.

De leschte Wanter war et deeselwechten Zirkus. Wéi et ëm Chrëschtdag nach ëmmer 15 Grad waarm war, hunn d'Öko-Freaken vun der Situatioun profitéiert an nëmmen nach iwwer de Klimawandel geschwat. Mee wéi et richteg kal gouf an de Wanter net méi verschwanne wollt, gouf et roueg ëm de Klimawandel. Du wosst ech: De Klimawandel ass eng Ligen. An deen Dag, wou am Éislek zwee Zentimeter Schnéi gefall waren, hunn ech hurteg mäi Schikostüm ugedoe, sinn erausgelaf an hunn e Schnéimännchen gemaach - fir der Welt ze demonstréieren: "Et gëtt kee Klimawandel!" Wann et wierklech méi waarm gëtt, firwat fréiere mer dann am Wanter?

Ech kann et net méi héieren!

Ech kann et net méi héieren! Wann hautdesdags e bësse méi eng staark Lëftche bléist oder e puer Hektar Bësch verbrennen oder et mol e bësse méi staark reent: direkt ass de Klimawandel Schold. Ech soen ëmmer: maacht et wéi déi Paräisser a gitt ënnert dem Reen erduerch.

Ech si keen Expert an hunn nach ni wierklech iwwer d'Klima an d'Wieder nogeduecht, ma eppes kann ech Iech soen: Ech spieren d'Wieder, et ass a menge Schanken. Dat ass mäin innere Barometer an deen ass méi zouverlässeg wéi all Etüd vun de Klimafuerscher.

Viru kuerzem hunn ech mäi Frënd Néckel begéint. Hien ass e richtege Wiederguru. An den Néckel sot, datt de Klimawandel näischt anescht ass wéi eng Erfindung vun der Kosmetikindustrie, déi just wëllt, datt mir méi Sonnecrème kafen. Den Néckel sot: Et gëtt kee Klimawandel, et gëtt nëmme clevere Marketing. Do ass eppes drun!

Op der Telegram-Säit vun der Flat Earth Society hunn ech gelies, datt d'Sonn selwer Schold um Klimawandel ass well se all Dag e puer Zentimeter méi grouss gëtt. Dowéinst kënnt se ëmmer méi no un d'Äerd, wat zu enger Erhéijung vun den Temperaturen féiert. D'Experten vun der Flat Earth Society soen, datt d'Sonneflecken dee beschte Beweis dofir wieren, well d'Sonneflecken wéi Dehnungssträifen sinn, déi de Beweis liwweren, datt d'Sonn tatsächlech wiisst.

Éierlech gesot: ech gleewen éischter und d'Theorie vum Sonnewuesstum wéi un déi vum CO2. Den CO2 ass eng Erfindung vun de Chinesen an de Russen fir eis am Westen ze kujenéieren an eis Wirtschaft ze schwächen. CO2 ass gutt fir d'Ëmwelt; d'Planze brauchen en fir ze wuessen. A Wierklechkeet sinn d'Beem selwer Schold, si produzéieren ze vill Sauerstoff. Logescherweis klëmmt d'Temperatur um Globus.

Léisung: City Trees

Déi nei Initiativ vun der Gemeng Déifferdeng fir City-Trees opzestellen, ass eng super Léisung. Dir wësst net wat e City-Tree ass? Ma, ee City-Tree ass eng dräi Meter héich hëlze Këscht, wou bannendra Moos, Waasser an e Ventilator ass. Eng eenzeg vun dësen hëlze Këschten ersetzt 81 richteg Beem, an d'Gemeng Déifferdeng kritt fënnef vun dëse Këschten. E grousse Virdeel fir d'Gemeng: si ass net mat de Wuerzelen a mat de Blieder geplot, an d'Leit hunn endlech hir Rou virum nervege Vullegezwitschers an den dreckege Vullennäschter. Déifferdeng wëll bis 2030 mat Hëllef vu de City Trees klimatneutral ginn.

Stellt Iech vir, wat mer da fir Bauland fräisetzen kënnen a gläichzäiteg maache mer eppes Gutts fir d'Ëmwelt an d'Klima. Ongeféier 500 Beem wuessen op engem Hektar Bësch, sou datt mer nëmmen 6 vun dëse City-Trees brauche fir e ganze Bësch vun engem Hektar ze ersetzen. Wann een dat op d'Gesamtbëschfläch zu Lëtzebuerg héichrechent, déi ronn 92.000 Hektar ass, brauch ee just ronn 1.100 City-Trees fir déi 46 Millioune richtege Beem ze ersetzen. Op Weltniveau wär et nach méi impressionant, déi onnéideg Diskussiounen iwwert den Amazonas oder den Dschungel an Indonesien wären endlech eriwwer. Setzt e puer méi vun dëse City Trees dohinner a schon ass eis Klimabilanz positiv. Dat nennen ech innovativ an efficace Aarbecht!

Da kënne mir nei Stied am ganze Land bauen an endlech d'Wunnengskris léisen. Mee w.e.g. keng Haiser mat Wärmepompelen! Pompes à chaleur, wéi se op Franséisch soen. Oder Heat Pump op Englesch. Well wéi den Numm et scho seet, gëtt mat deene Wärmepompelen Hëtzt gepompelt, an déi brauche mer jo wuel am mannsten fir géint d'global Erwiermung virzegoen. Mir brauche keng weider Experimenter méi, mee mir mussen endlech Neel mat Käpp maachen.

Wandrieder bremsen d'Äerdrotatioun

Dat selwecht gëllt fir déi Onmass vu Wandmillen, déi wéi Champignonen aus dem Buedem spréissen. Mäi Frënd Néckel sot mir, datt all dës Wandrieder déi natierlech Loftzirkulatioun stéieren. D'Wandrieder fänken d'Wandenergie op a bremsen d'Rotatioun vun eisem Planéit of, wat en extrem negativen Impakt op d'Klima huet.

Wat ech méi driwwer nodenken, wat all d'Léisunge vu de Wëssenschaftler an den Öko-Freaken mer just als waarm Loft virkommen.

Apropos Loft: Wann d'Regierung endlech géif ophalen, d'Atmosphär mat hire Chemtrails ze vergëften, da wier dat sécher och gutt fir d'Wieder an d'Klima. Mat de Chemtrails ass déi nächst Hëtztwell scho virprogramméiert.

Geschwë weess ech net méi wat ech gleewe soll. Vläicht sollt ech wierklech mol den Ënnerscheed tëscht Wieder a Klima googlen.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0