· 

#Satir – Zuelenakrobatik

Huet de SIDEC Konten a Spuenien ?

Den Dreckssyndikat SIDEC aus dem Norde vum Land erhéicht d'Tariffer fir déi "gro Dreckskëscht" ëm ganzer 60 Prozent, an zwar réckwierkend op den 1. Juli 2024. Dëst wäert déi ronn 140.000 betraffe Bierger sécherlech begeeschteren  - oder besser gesot, batter eropstoussen.

D’Summerlach war dëst Joer gutt gefëllt. Nieft engem Pirateschëff, dat am Gaang ass ënnerzegoen, mat deene Piraten drop, déi sech nach net a Sécherheet bruecht hunn; zwou Petitiounen, bei där d’Petitionnären sech géigesäiteg no alle Reegele vun der Konscht vernennen; dem Déifferdénger City Tree, enger hëlzener Këscht, déi mengt si wier ee Bam; den obligaten, alljärleche Fotoreportagen iwwert d’Ouverture vun der Fouer, déi eis weisen, wéi antik d’Madamm Polfer a Wierklechkeet ass, huet och den Dreckssyndikat SIDEC aus dem Norde vum Land et dëse Summer an d'Schlagzeilen gepackt.

Am Ufank hunn déi Responsabel vum SIDEC an der Press nach vun engem Defizit vu 5 Milliounen Euro geschwat, dee virun allem op déi schrecklech Stroumrechnung, den Index an d'Spritpräisser zréckzeféiere wär. Mee an der Pressematdeelung vum 21. August 2024 kléngt dat op eemol ganz anescht. Elo sinn d'Spritpräisser, den Index an déi "exzessiv" Paie vun de Mataarbechter vun de privaten Offallbetriber, déi d'Dreckskëschten eidel maachen, keen Thema méi. Wéi praktesch!

Awer eent nom aneren! Wéi d'Press déi gutt Noriicht annoncéiert huet, datt de SIDEC eng Präiserhéijung vu bescheidene 60 Prozent decidéiert huet, huet et net laang gedauert, bis de Konsumenteschutz op de Plang getrueden ass an dem SIDEC Wucher virgeworf huet. D’ULC huet och drun erënnert, datt de SIDEC schonn 2020 eng verstoppte Präiserhéijung duerchgesat huet, andeems déi gro Poubelle vun do un nëmmen nach zweemol de Mount eidelgemaach gëtt, amplaz wéi virdrun all Woch, wärend de Präis natierlech dee selwechte bliwwen ass. Transparenz? A wouhier! Dee leschte Bilan, deen de SIDEC püblizéiert huet, ass vun 2021, wat et net méiglech mécht, d'Aussoe vun de SIDEC-Verantwortlechen ze kontrolléieren. D'ULC fuerdert dofir eng onofhängeg Iwwerpréiwung vun der Käschtestruktur an ee Remboursement vun de Suen, déi d'Bierger ze vill bezuelt hunn. Vill Gléck domat!

Aus engem Defizit vu 4 Milliounen Euro gëtt en Defizit vun 892.445,78 Euro

Ufank August haten d'SIDEC-Verantwortlech an der Press behaapt, d'Käschte wieren d'lescht Joer op 19 Milliounen Euro geklommen, wärend d'Recetten nëmme 15 Milliounen Euro ausgemaach hätten. Eng einfach Reechnung geet duer fir ze gesinn, datt den Defizit 4 Milliounen Euro ausmécht. Mee am offizielle Communiqué vum 21. August huet d'SIDEC op eemol nei Zuelen aus dem Hutt gezaubert. Bis op zwou Stellen hannert dem Komma präziséiert de SIDEC, datt d'Ausgaben 2023 genee 4.138.114,94 Euro waren, wärend nëmmen 3.245.668,16 Euro erakomm wären. Wow! Net schlecht! En Defizit vu 4 Milliounen ass an nëmmen dräi Wochen op en Defizit vun 892.446,78 Euro geschmolt. An trotzdeem pocht de SIDEC op déi 60%-Präiserhéijung, wat him ee Plus vun 9 Milliounen Euro abréngt ! Iwwerdeems de Sënnebock "Inflatioun" op eemol keen Thema méi schéngt ze sinn, hält d'SIDEC awer weider un der Hausse vun de Stromkäschte vun 300.000 op 1.300.000 Euro fest. Wat geschitt mam Iwwerschoss, deen iwwert d’Präiserhéijung erakënnt ? Huet de SIDEC éiren Konten a Spuenien?

De SIDEC refüséiert Gespréich mam Konsumenteschutz

Wéi gesot, et ass net méiglech dës Zuelen ze iwwerpréiwen, well de SIDEC zënter dräi Joer kee Joresrapport publizéiert huet. Ma keng Panik! De SIDEC weist a senger Pressematdeelung drop hin, datt e guer keng Zuelen ze publizéiere brauch. An en huet esouguer ee passende Gesetzesartikel dofir fonnt, deen natierlech prompt an der Pressematdeelung zitéiert gëtt. Bravo!

Eng Ufro vun der ULC fir eng Entrevue mat de SIDEC-Responsablen gouf vum techneschen Direkter süffisant a mat enger gudder Portion Arroganz verworf.

"No Recksproch mat aiser Präsidentin wellen mir Iech matdeelen, dass, wei dir am Communiqué geliesen huet, ais Tarifpolitik schons mat dem Comité vum SIDEC beschwaat an votéiert gin as. Och an Zukunft wärt ais Tarifpolitik an den Gremien vum SIDEC diskutéiert an votéiert gin. Mir hun demno momentan keen Besoin fir eng Entrevue mat der ULC. ", krut de Konsumenteschutz den 22. August geänwert. Ma dann ass jo alles kloer!


Communiqué ULC vum 20/08/2024 iwwert de Präiswucher beim SIDEC

Download
ULC SIDEC DE.pdf
Adobe Acrobat Dokument 114.8 KB

Communiqué vum SIDEC vum 21/08/2021 als Reaktioun op d'Pressematdeelung vun der ULC

Download
Réaction SIDEC.pdf
Adobe Acrobat Dokument 232.2 KB

Och interessant:


Kommentar schreiben

Kommentare: 1
  • #1

    Fern Pott 1964 (Sonntag, 25 August 2024 02:58)

    ULC & ITM sin 2 Veräiner déi mär net wierklech brauchen,ech haat virun 4 Joer enger ITM eppes zoukomen geloos,déi huet awer mol net fir néideg fonnt fir drop ze Äntwerten....