· 

#Satir | Meeschter vun der Doudangscht

Eis Police op der Béiwener Rave Party

Eist schéint Éislek, d'Géigend vun der Erhuelung an der Rou, wou souguer illegal Rave-Partyen mat exemplarescher Lässegkeet akzeptéiert ginn. Dëse Weekend haten d'Awunner vu Béiwen déi grouss Freed, zesumme mat 300 dynamesche Raver, eng gratis elektronesch Symphonie ze genéissen. A wat seet eis Police Grand-Ducale dozou? Si huet et genoss!

Wéinst der Däischtert huet d'Police décidéiert, datt "aus Sécherheetsgrënn" d'Party net opgeléist gouf an déi Jonk sech weider ameséieren duerften. Eng Decisioun, déi an d'Annalen vun der ëffentlecher Sécherheet agoe wäert. Vill Leit froe sech, wat dann an der Policeschoul geléiert gëtt, wann et schonn eng Saach vun der Onméiglechkeet ass, eng Versammlung vun 300 Raveren opzeléisen. Vläicht ass eis d'Police déi fäerteregst Police aus ganz Europa, déi eben einfach Angscht huet, nuets an de Bësch ze goen, well d'Gefor besteet, iergendwelchen harmlose Déieren ze begéinen.

Couragéiert Polizisten

Awer wann et drëms geet, d'Heescherten an d'Sans-abrisen ze verjoen an ze bestrofen, déi op engem Stéck Kartong um Buedem an der Foussgängerzon no ë puer Euro fechten, da si mer do! Da weise mer Courage! Well do wësse mer ganz genau, datt déi sech net wieren. Mee wann se mat enger Band vun danzende Raver ze dinn huet, ass et am beschten, virsiichteg ze sinn an sech zréckzehalen.

D'Police-Verstäerkung, déi mat net manner wéi 10 Patrullen ugeréckt ass, huet dem Spektakel léiwer vu wäitem nogekuckt. Iwwerhaapt, firwat soll een sou e flotten Owend versauen? An zu gudder Lescht gouf den Helikopter geschéckt fir Souvenirsfotoen ze knipsen. Vläicht ginn se am Police-Musée ausgestallt? Den Direkter vun der Police huet Luxembourg Jungle géintiwwer präziséiert: "Mir hu bis den Dag drop am Nomëtteg gewaart fir d'Party opzeléisen. Dee Moment ware nach just eng 50 Raver op der Plaz, an d'Police endlech an der Iwwerzuel."

Raver: D'Helde vun der Nuecht

A wéi ass et mat de Ravers selwer? Mat Waasserfläschen a Liichtebengelen arméiert, hunn déi jonk Leit a Feierlaun de Bësch an eng improviséiert Disco verwandelt. Si hu gedanzt, wat gëss de, wat hues de, an hunn d'Policepräsenz ignoréiert. Ee vun de Raver aus Holland huet Luxembourg Jungle géintiwwer gesot: "Firwat sollte mir eis Suergen maachen, wann d'Police éischter Spectateur wéi Acteur ass? Dofir komme mir all Joer gären op Lëtzebuerg. Hei gi mer gewäerde gelooss a mat Respekt behandelt. An Holland oder an de belschen Ardennen ass d'Police net sou cool ."

En onvergiesslechen Owend

De Buergermeeschter aus der Stauséi-Gemeng huet senger Roserei Loft gemaach. "Mir akzeptéieren net datt eng Rave Party ënner illegale Konditioune stattfënnt," sot hien. "Ma sidd sécher, léif Awunner: d'Police kuckt ganz genau no... aus sécherer Distanz."

Um Enn wäert dësen Event nach laang Zäit an Erënnerung bleiwen. De Lëtzebuerger Krisemanagement huet fonktionnéiert an eis Police huet eppes bäigeléiert: Wann d'Party bis op Héichtouren ass, ass et am beschten net ze stéieren. Well wie brauch scho Schlof wann ee bis an de Moien eran danze kann?

Kommentar schreiben

Kommentare: 0