· 

#Satir | De Kuebenopstand

Déi grouss revanche

D'Kuebe waren es midd vun hirem Liewensraum, deen hinnen nach iwwregblouf. Duerch déi systematesch Urbaniséierung an d‘Ausbreedung vun de Stied gouf hiren Habitat ëmmer méi zerstéiert. Si hunn decidéiert, datt et un der Zäit wier, de Spiiss ëmzedréinen an d'Stied ze erueweren.

Zu Lëtzebuerg hunn d'Leit a Fridde gelieft bis deen Dag, wou d'Kueben decidéiert hunn hiren nidderträchtege Plang a Musek ëmzesetzen.

D'Kuebe waren es midd vun hirem Liewensraum op der grénger Wiss, deen hinnen nach iwwregblouf. Duerch déi systematesch Urbaniséierung an d‘Ausbreedung vun de Stied gouf hiren Habitat ëmmer méi zerstéiert. Si hunn decidéiert, datt et un der Zäit wier, de Spiiss ëmzedréinen an d'Stied ze erueweren.

Ugefouert vun hirem Generol Corvus, engem besonnesch intelligenten a lëschtege Vull, hunn d'Kueben sech fir eng geheim Versammlung am alen Eechebësch versammelt. "Et geet elo duer! ", huet de Generol Corvus mat senger rauer Stëmm geruff. "Eise Liewensraum gëtt ëmmer méi an Akafszentren, Industriezonen a Parkingen ëmgewandelt. Mir hu keen anere Choix wéi an d‘Stied anzefalen an de Mënsche kloerzemaachen, wien hei eppes ze soen huet! "

D'Kueben hunn hir Invasioun mat enger gewëtzter Strategie duerchgeféiert: An den héchste Beem am d'Stater Park hunn se hir Näschter gebaut an all Dag hunn se hir Fluchkënschte gewisen a sinn iwwert d'Käpp vun de Leit geflunn. Déi Stater waren entsat. "Déi Vullen huelen eis eise Liewensraum ewech! ", hunn si gejaut. "Mir mussen eis wieren! "

Am Gemengerot a souguer an der Chamber gouf iwwert dës geféierlech, onziviliséiert an invasiv Vullenaart debattéiert. Dat huet den Ëmweltminister Wilmes op de Plang geruff, dee scho méi wéi eng Kéier huet musse Questions parlementaires wéinst deem ongehuwwelte, knaschtege Fiedervéi beäntwerten, sou och nees de 26. August.

Managementsplang

Viru kuerzem ass hie virun d’Press getrueden an huet der Ëffentlechkeet säi Managementsplang virgestallt fir der Kuebeplo Meeschter ze ginn. „Mir wäerten alles ënnerhuele fir d’Kueben ofzeschrecken, se verjoen an se deportéieren. A wann dat alles näischt hëlleft, wäerte mer ganz Bamreien an Alleeë radikal zeréckschneiden! “, huet de Lëtzebuerger Ëmweltminister erkläert. „D’Kuebe sinn eng Gefor fir eis Gesondheet! Net fir näischt ginn se zënter jeehier als dem Doud säi Buet ugesinn. Si provozéiere Stauen, well se sech express op d’Verkéiersluuchte sëtzen an d’Elektronik manipuléieren. Et gëtt keng aner Kreatur, déi méi Kaméidi mécht, an dat vu moies fréi bis owes spéit, déi méi klaut, wéi kierzlech de Leit hire Picknick op der Kinnekswiss, déi méi Chaos verursaacht wéi d'Kueben. Dat schlëmmst awer ass : si maachen eis Autoen dreckeg. An iwwerhaapt : et sinn d’Kueben, déi fir dee ganze Knascht an der Stat verantwortlech sinn. Si picken den Dreck op a verdeelen en uechter d’ganz Stat.“

Och de Landwirtschaftsminister huet sech zu Wuert gemellt an d'Land opgekläert, wi vill Schued d'Kueben uriichten: "D'Kuebe si méi schiedlech wéi dee ganze Piff a Glyphosat zesummen."

Villes huet den Här Wilmes a senger politescher Carrière scho probéiert fir déi lästeg Kueben aus dem Stadbild ze verbannen. Wéi hien nach Stater Schäffe war, huet hien extra dofir gesuergt, datt op der neier Paräisser Plaz keen eenzege Bam méi steet. Falsch Gräifvullen aus Plastik goufen uechter d’Stat opgestallt fir de Kueben Angscht ze maachen an se op déi Manéier ze verdreiwen. Ma d’Kueben haten de Schwindel séier erkannt an hunn déi plastiks Poppen als Sëtzgeleeënheet benotzt. Och Diskokugelen a Laserpointer fir se ze verblenden, hunn net gehollef. D’Kuebe waren nämlech därmoossen dovu faszinéiert, datt se sech nach a méi grousse Gruppen do versammelt hunn fir deem Liichtspektakel nozekucken.

"Mäin neie Masterplang gesäit vir fir grouss Vulleschäichen uechter d’Stat opzestellen, mat Lautsprecheren dra fir de Kuebebéischter mat haardem Kaméidi d’Liewen onméiglech ze maachen.

D’Kueben awer hunn sech net aschüchtere gelooss an hu just iwwert de Mënschen hir kannereg Versich, se ze verdreiwe, gelaacht. „Déi menge wierklech, si kéinten eis mat e puer lächerleche Moossname lassginn? “, huet de General Corvus geschmunzelt. „Mir sinn heihi komm fir ze bleiwen! 

No enger gewëssener Zäit, hunn d’Mënschen sech un d’Kuebe gewinnt an d‘Zesummeliewen huet sech normaliséiert, bis enges Daags eng nei Bedrohung koum: d'Kaweechelchersrebellioun. Awer dozou méi an enger aner Geschicht ...

Kommentar schreiben

Kommentare: 1
  • #1

    Marcel Ries (Donnerstag, 05 September 2024 03:02)

    Mei Papp war vu Gilsdorf an dat ass bei de Kueben. Ech wunnen um Land a fidderen d Villercher all Dag vum Joer. Och Kreien an Elsteren kommen kommen d Kären picken dei d Spatzen erof geheien, esougur eng Raat kennt kucken a glanen. A virwat nit, och dei sin hongereg..