Lëtzebuerg keeft an
Lëtzebuerg keeft an! An zwar um Milliounemaart fir Meeschterwierker a Mogelpackungen. 4,6 Milliounen Euro fir eng 950 Joer aal Bibel. An déi huet et a sech!
Stolzer 4,6 Milliounen Euro bezillt de Lëtzebuerger Staat fir eng al Bibel aus Mëttelalter, handgeschriwwen tëscht de Joren 1080 an 1085.
Se ass 60 op 80 cm grouss, a weit 23 Kilo, an ass aus der Haut vun 220 Béischten hirgestallt ginn, wéi RTL bericht. Deem widersprécht allerdéngs déi fréier Bistumszeitung Lëtzebuerger Wort, dat vun 230 Kéi schwätzt. D'Experten sinn sech demno an där kruzialer Fro net eens.
Mir vu "Luxembourg Jungle" soen dozou: Beim Wort Gottes kräischt de Portmonni. 4,6 Milliounen Euro fir 23 kg – dat maachen 200.000 Euro de Kilo!
Kommentar schreiben