· 

#Satir | Eng festlech Farce

All Joer déi selwecht Diskussiounen an e puer Kilo méi

Spéitstens wann déi éischt Boxemännercher am September, direkt no der Summervakanz, an de Butteker opdauchen, ass et jidderengem kloer: Chrëschtdag steet virun der Dier. Et sinn dann zwar nach iwwer dräi Méint bis Chrëschtdag, mee sou huet ee genuch Zäit, sech op déi besënnlech Zäit vun der Baarmhäerzegkeet a vum Fridden an natierlech op déi gastronomesch Eskapade virzebereeden.

Et gëtt opgedëscht, wat d'Kichen hiergëtt, datt den Dësch bal ënnert sech zesummekraacht. Mir Lëtzebuerger weisen dann, datt mer méi ze bidden hunn wéi nëmme Kachkéis, Bouneschlupp, Gromperekichelcher, groen Drot a Simons Béier. Lo kënnt d'Crème de la Crème op den Dësch: Austeren (schläimeg Mieresbewunner, déi ausgesi wéi eng Mëschung aus Rotz a réiem Eewäiss an och genausou schmaachen), Foie gras (fetteg, iwwernatierlech grouss Liewer vun zwangsernierten Inten a Gänsen, déi am Mond en onangeneeme, rukelzegen Ueleggoût hannerléisst, wéi ranzegt Frittefett), Trüffelen (schwaarz Knuppe Buedem, déi ausgesi wéi verfaulte Gromperen a no Muuscht richen), Homard (Miereskakerlak, déi beim Kache rout gëtt an eng Textur wéi Gummi huet), Dinde (Schnuddelhong, dat beim Broden ëmmer dréche gëtt), Crémant (säierzegt Spruddelwaasser mat engem Hauch vu Gärung) a Riesling (den typesche Nationalwäin, dee mengt e wär de King vun de Wäiner, awer a Wierklechkeet eng sauer Illusioun ass). An net ze vergiessen déi obligat Bûche de Noël (eng Bäckereikatastroph aus iwwerzockerter, fetteger Bottercrème an engem Deeg, dee meeschtens esou dréchen ass, datt ee mengt, et giff een an en ale Schwamp bäissen).

Am meeschte freeën ech mech op d’Famill an déi spannend an "interessant“ Gespréicher iwwer Dësch.

● "Hues de matkritt, den Elon Musk plangt elo souguer Chrëschtbeemercher op de Mars ze schécken?“ "Jo, an den Zuckerberg wëll, datt se all ee Facebook-Profil kréien, fir datt mer hir Fotoe like kënnen.“

● "Den Trump huet gesot, d’Chrëschtdeeg géifen d’nächst Joer offiziell verlängert ginn, fir d’Wirtschaft unzekuerbelen.“ "Oje! Da freeën d‘Leit sech awer iwwer hir Visa-Ofrechnung.“

● "D'Steiere si vill ze héich! D’Regierung weess dach guer net, wat se mécht.“ "Déi mengen, d’Geld géif op de Beem wuessen – dobei hunn ech just ee Bonsai an der Stuff stoen.“

● "All déi Diskussiounen fir méi Klimaschutz nerven dach just nach. Dat ass déi rengste Geldverschwendung.“ "Ech ginn der Recht: wann et esou weidergeet, verbidden se eis geschwënn och nach wäiss Chrëschtdeeg.“

● "Ass et dee richtege Cadeau?“ "Oh, ee Schal! Genee dee selwechte wéi d’lescht Joer.“

● "Lo spillen déi scho véierzeg Joer laang ‚Last Christmas‘ vu Wham.“ "An awer geet den Zirkus all Joer nees vu vir un.“

● "De Frieden wëllt lo och nach d’Pensioune kierzen.“ "Dat war dach ze erwaarden, schliesslech ass dee neie #Luc ëmmer nach deen alen.“

● "‘t Iesse war dëst Joer wirklech gutt, vill besser wéi d’lescht Joer! Awer ech mengen, ech hunn ze vill g’iess.“ "E puer Kilo ze vill hu nach kengem geschued.“

No e puer gezwongene Familljefotoen fänken déi éischt Gäscht un, op hire Still hin- an hirzerëffelen. Zäit fir heem ze goen. A wann se vum villen Iessen net méi vum selwe goe kënnen, da gi se einfach aus dem Haus gerullt.

Eréischt wann dee leschten fort ass, ass Rou an ech hunn endlech Zäit, d‘Kaddoen ze bewonneren. Et sinn nees eng Rei praktesch Saachen dobäi, wéi dësen automateschen, selbstfuerenden, KI-ugedriwwenen Dëschstaubsauger fir d’Grimmelen opzesuckelen, oder een USB-Pet Rock – ee Steen mat engem USB-Kabel fir un de Computer unzeschléissen, bei deem natierlech näischt geschitt, ma de Steen mécht esou, wéi wann en eng Funktioun hätt. An hei! Ee Pizza-Vëllo, also ee Pizzamesser a Form vun engem Vëllo – richteg originell, awer e bëssen onpraktesch. Da war och nach e Banana-Slicer dobäi, e speziellen Apparat fir Bananen a Scheiwen ze schneiden – eppes, wat en hondsgewéinleche Knäipche och ka maachen, awer mam Apparat mécht Banane-Schneiden duebel sou vill Spaass.

Zäit, fir mech bei de Schlappekino ze setzen. Do kommen déi selwecht Filmer wéi d’lescht Joer a virlescht Joer an och déi Jore virdrun. Déi hunn ech all scho gesinn.

No enger Woch laang Iessen, Drénken a Feieren am Akkord, kënnt endlech den 2. Januar, den Dag vum kollektive Repsen a Verdauen.

Et ass allerdéngs just eng kleng Paus. An de Regaler leien déi éischt Ouschtereeër an Ouschterhuesen an d’Geschäftsleit erënneren eis drun, datt Ouschteren virun der Dier steet.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0