· 

#Satir | Shop-Aholics

Fräi Nuecht am Supermarché

Wëllkomm an der neier Ära vum Perma-Shopping! D’Lëtzebuerger Regierung huet an hirer beispillloser Wäitsiicht décidéiert, dass d’Geschäfter vu fënnef Auer moies bis zéng Auer owes kënnen opsinn – och d'Sonndeger an d'Feierdeeg.

Just wärend dräi Deeg gëtt d'Konsumsucht gestoppt: Neijooschdag, den 1. Mee an de 25. Dezember. Wie brauch scho méi wéi dräi Deeg Familljen- a Privatliewen d'Joer?

Ee knallhaarde Schlag an d’Gesiicht fir déi 50.000 Beschäftegter am Commerce, deenen hiert Recht op e Minimum u Familljen- a Privatliewen genësserlech mat Féiss getrëppelt gëtt. Iwwerhaapt, firwat dann Zäit mat de Kanner, der Famill oder Frënn verbréngen, wann een amplaz och ka Regaler opfëllen? Et gëtt näischt méi Schéines wéi moies an aller Herrgottsfréi Clienten am Pyjama ze begréissen, déi wéi Schlofwandler, de Blatz nach an den Aen, duerch d'Rayone bëselen.

A wéi ass et mat de Crèchen an de Maisons relais? Sinn déi dann och vun halwer fënnef moies bis spéit owes halwer eelef op? Oder vläicht souguer nuets? D'Eltere kënnen et wuel kaum erwaarden, wann déi Kleng nuets um véier Auer aus dem Bett krauchen, fir mat Zäiten an der Crèche oder der Maison relais ze sinn, dass d'Mamm oder de Papp am Supermarché d'Regaler mat den neitste Promoen opfëlle kann.

An de Konsument? Ween der Jomer geet um fënnef Auer moies akafen? Vläicht déi knallhaart Konsumhelden, déi an der Robe de Chamber an an de Schlappe, als éischt wëllen op der Juegt no engem Schnäppche sinn? Den Éischten ass schliisslech vir.

Awer méi laang Ëffnungszäite bedeiten net automatesch méi Ëmsaz a Profit. De Konsumenten hire Portmonni gëtt net wéi duerch Geeschterhand opgefëllt, nëmme well d'Ouvertureszäiten vun de Butteker méi laang sinn. Awer wat bedeite scho Logik a Verstand wann een onënnerbrach, ronderem d'Auer akafe kann?

Vläicht sollte mer dës "innovativ" Iddi vun der Regierung als eng weider humoristesch Anekdot ugesinn a gespaant op déi nächst Schrëtt waarden. Méiglecherweis kënne mer d'Kompetitivitéit zu Lëtzebuerg steigeren, wa mer Aarbechtszäite vu 24 op 24 Stonnen, 7 Deeg op 7 aféieren? Et lafe Rümeuren, d'Regierung hätt ee Consultant engagéiert fir eng schéin Etüd ze schreiwen, mat där dem Land bewise soll ginn, datt de Schlof komplett iwwerbewäert wier.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0