Wéi am politesche Glashaus mat Steng geheit gëtt
Wat wär d'Politik ouni eng zolidd Portioun Hypokrisie a Süffisanz? Zwee Begrëffer, déi an der Politik Hand an Hand ginn, wéi Ierbessen a Muerten. Den CSV-Fraktiounspresident Marc Spautz werft dem US-President Donald Trump an engem rezente Gaaschtbeitrag am "Wort" vir, ze vill CEOen a senger Regierung ze hunn, déi d'USA wéi ee Konzern regéiere géifen. Awer wat ass mam CEO vu Lëtzebuerg?
A sengem "Wort"-Artikel schreift de Marc Spautz: "Dass Trumps Regierungsmitglieder hauptsächlich Unternehmer und CEO sind, geht mit seiner Überzeugung einher, dass der Staat wie ein Konzern geführt werden sollte." Woumat de Marc Spautz mat senger Kritik duerchaus richteg läit.
Allerdéngs schéngt eise gewiiften Enquêteur op der Sich no politescher Integritéit "vergiess" ze hunn, datt säin eegene Parteikolleeg a Premierminister sech selwer d'Kroun vum Generaldirekter opgesat huet. Wärend den US-President Trump de Staat fir ee Konzern hält, gesäit sech de neie Luc als CEO vu Lëtzebuerg - selbstverständlech am schicken englesche Kostüm vun Hawes & Curtis.
Am Neijoerschinterview huet den neie Luc d'lescht Joer follgende Statement gemaach: "Ech fannen, dass de Premierminister ass wéi de Generaldirekter an engem Betrib." Op d'Fro vun der Journalistin, ob een e Land wéi Lëtzebuerg tatsächlech wéi en CEO vun enger Firma féiere kann, huet de neie Luc geäntwert: "An der Method vun der Gestioun, mengen ech, ass et absolut noutwenneg."
Voller Ironie huet d’Tageblatt den Dag drop bericht: „Es grüßt der Generaldirektor: Luc Frieden legt Business-Plan für Luxemburg vor".
Sinn den CEO aus dem Wäissen Haus an den CEO vun der Clairefontainesplaz éiere Seelenverwandte? De Marc Spautz sollt sech vläicht un de Sproch erënneren: "Wann een am Glashaus sëtzt, sollt ee besser net mat Steng geheien.“
Oder chrëschtlech-biblesch ausgedréckt: "Firwat gesäis du d' Spläiter am Ae vun dengem Brudder, awer de Balken an dengem eegenen Ae mierks de net?" (Mt 7,3)
Vläicht wier et un der Zäit, datt de Marc Spautz ee Bléck an de Spigel werft.
Och interessant:
Kommentar schreiben