Artikel mit dem Tag "Éislek"



#Satir | Meeschter vun der Doudangscht
Gestëppels · 25. August 2024
Eist schéint Éislek, d'Géigend vun der Erhuelung an der Rou, wou souguer illegal Rave-Partyen mat exemplarescher Lässegkeet akzeptéiert ginn. Dëse Weekend haten d'Awunner vu Béiwen déi grouss Freed, zesumme mat 300 dynamesche Raver, eng gratis elektronesch Symphonie ze genéissen. A wat seet eis Police Grand-Ducale dozou? Déi huet et genoss!

#Satir – Zuelenakrobatik
Gestëppels · 25. August 2024
D’Summerlach war dëst Joer gutt gefëllt. Nieft engem Pirateschëff, dat am Gaang ass ënnerzegoen; zwou Petitiounen, bei där d’Petitionnären sech géigesäiteg bekrichen; dem Déifferdénger City Tree, enger hëlzener Këscht, déi mengt si wier ee Bam; den obligaten, alljärleche Fotoreportagen iwwert d’Ouverture vun der Fouer, huet och den Dreckssyndikat SIDEC et dëse Summer an d'Schlagzeile gepackt.

Fir een onofhängegt Éislek
Gestëppels · 27. April 2023
Bei de Kommentaren ënnert engem RTL-Artikel vum 25. Abrëll 2023 ass eis dee vum Här Grimpert opgefall, dee sech fir een onofhängegt Éislek staark gemaach huet. No intensive Recherchen hu mir vu Luxembourg Jungle den Här Grimpert fonnt an hunn eis mat him ënnerhalen.