Artikel mit dem Tag "Biergerinitiativ Wäiswampech"



Baustopp fir Tourismusprojet um Wämper Séi
Séi Wäiswampech · 28. Juni 2024
Mat Datum vum 26. Juni 2024 gouf ee Baustopp um Tourismusprojet vun der Firma Lamy um Wämper Séi verhaangen. Vun eise Gesetzer schéngen se bei beim belsche Promoteur net vill ze halen. Wat genau? Dat gëtt een hei gewuer.

Bloalgen um Wämper Séi
Séi Wäiswampech · 12. September 2023
Well sech an de soziale Medien an der lescht vill iwwert de schlechten Zoustand vum Wämper Séi beklot gouf, war ech mer dat selwer ukucken. D’Bild, wat gebuede gouf, war erschreckend.

Walen zu Wäiswampich
Wahlen · 09. Juni 2023
Zu Wäiswampich kënnt et zu engem Wiessel um Buergermeeschterstull, op deem den Henri Rinnen wärend bal dräi Jorzéngte gepescht huet.

Gutt Noochrichte vu Wampich
Séi Wäiswampech · 02. Dezember 2022
De Wämper Buergermeeschter Henri Rinnen (DP), d'Schäffen Norbert Morn a Jos Vesque an d'Conseilleren Marie-Paule Johanns-Hamer an Anita Faber hu matgedeelt, dass si sech fir d'Gemengewahlen vun 2023 net méi opsetzen.

D'Lompe fänken un ze sténken
Séi Wäiswampech · 19. November 2022
D'Buvette um Wämper Séi gëtt klasséiert. Dat huet den Direkter vum INPA (Institut national pour le patrimoine architectural), dem fréieren Service des Sites et Monuments, Patrick Sanavia, de 16. November 2022 op RTL-Télé annoncéiert.

Wéi de Buergermeeschter vu Wäiswampech de Wunnengsproblem "léist"
Logement · 24. Februar 2022
Am Interview mat RTL vum 18.2.2022 lueft de Wämper Buergermeeschter d'Dynamik, mat där sech seng Gemeng an de leschten 10 Joer entwéckelt huet a mécht dem Land wäis, hie géif mat senger Politik gläichzäiteg de Wunnengsproblem bekämpfen an Aarbechtsplaze schafen. Wat wierklech hannert de Wunnéngsnoutbekämpfung stécht, gitt der hei gewuer.

Hoffnung fir Biergerinitiativ Gemeng Wäiswampech
Séi Wäiswampech · 21. Februar 2022
No enger 14 Joer laanger juristescher Schluecht, huet déi spuenesch d'Cour suprême den 8.2.2022 d'Demolitioun vun engem illegal gebauten Hotels- a Fräizäitkomplex an der Regioun Extremadoura decidéiert. De Bedreiwer muss den 185 Hektar groussen Areal nees a säin ursprünglechen Zoustand setzen. Den 9. Mäerz 2022 ass den Optakt vum Prozess, deen d'Biergerinitiativ géint de Projet Lamy um Wämper Séi ugestrengt huet. Fotoen, Fakten an Hanngrondinformatiounen ginn et dësem Artikel.

Biergerinitiativ Wäiswampech reagéiert
Séi Wäiswampech · 24. Dezember 2020
D’Biergerinitiativ Gemeng Wäiswampich hat et annoncéiert, elo ass et konfirméiert: de Recours géint d’Decisioun vun der Ëmweltministesch, mat där si de risegen Tourismusprojet um Wämper Séi geneemegt huet, gouf fristgerecht agereecht. Liest hei, wat der Emweltministesch virgeheit gëtt.

Wéi fonktionéiert de System Lamy?
Séi Wäiswampech · 03. Dezember 2020
An engem Mail vum 30. November 2020 un ee Comitésmember vun der Biergerinitiativ Gemeng Wäiswampich, gëtt de Promoteur Lamy zousätzlech Informatiounen iwwert dee geplangten Tourismusprojet um Wämper Séi. Wéi fonktionnéiert de Lamy-System? Wee verdéngt drun?

Lamy-Reklammebroschür net kloer
Séi Wäiswampech · 27. November 2020
Wann ee beim belsche Promoteur Lamy op der schwaarzer Lëscht steet, ass et net evident, déi nei Reklammebroschür iwwert den Tourismusprojet um Wämper Séi ze kréien. Dat geet an deem Fall just iwwer Ëmweeër. Bei der Lecture falen eng Rei Ongereimtheeten an d’Aen, op déi et sech lount, anzegoen. De Sträit, tëscht de Proprietären vun engem Vakanzendomaine a Südfrankräich mam Grupp Lamy, léisst déif blécken a weist, wéi onverschimmt de belsche Promoteur seng Clienten behandelt.

Mehr anzeigen