Déi meescht Leit kennen d'Zoustänn, déi an der schweedescher Krichsbroschür beschriwwe gi, just vum Héieresoen oder vun den Erzielungen vun hire Grousselteren an Urgrousselteren. D'Merkblat informéiert wat elo wichteg ass a wat fir eng Saachen d'Bierger sech solle beschafe fir mindestens eng Woch eleng ze iwwerliewen.
Am klenge Groussherzogtum Lëtzebuerg, wou kaum méi Leit wunnen wéi an ee gréisseren Outletzenter an de Solde passen, suergt den ADR-Europadeputéierten Fernand Kartheiser fir Opmierksamkeet - an Opreegung. Am Europaparlament wëllt hie just nach Lëtzebuergesch schwätzen. Mee wien versteet hien eigentlech?
D’Krichsdreiwer an Europa hunn eng op den Deckel kritt. An Däitschland, Frankräich an - net ze vergiessen - England hunn d'Wieler de Scharfmacher ee kloren Denkziedel verpasst.
De leschte Freideg war ee groussen Dag fir d’Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen. Net nëmmen, datt hire Korruptiounsprozess um Geriicht zu Léck ugefaangen huet, si hat och déi grouss Éier vun eisem #Luc zu Schengen empfaangen ze ginn, an dat trotz Héichwaasser a Katastrophenzenario.
Lëtzebuerg huet lo och seng Petitioun fir de Schutz vum Wollef! Enn August huet d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen matgedeelt, et misst méi einfach gemaach ginn, de Wollef ofzeschéissen, well en eng Gefor fir Mënsch an Déier géif duerstellen. A ganz Europa wieren sech Natur- an Ëmweltschützer géint dës béiswëlleg an domm Ënnerstellung. Zu Lëtzebuerg huet d'Biergerinitiativ "Feral Luxembourg" eng Petitioun gestart.
Nodeems de Wollef am September 2022 der Ursula von der Leyen hirt Pony zu Hannover gerass huet, huet d’Kommissiounspresidentin vun der EU eng bluddeg Revanche versprach.
De Wollef ass nämlech net nëmmen eng Gefor fir Ponyen, mee och fir de Mënsch, sou d’von der Leyen. An dofir muss e bludden!
Amtsmëssbrauch, Zerstéierung vun ëffentlechen Dokumenter, onerlaabt Beaflossung, Korruptioun - dat sinn d'Uklopunkten vum Europäesche Parquet géint d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen am Impfstoffskandal.
Endlech! D'EU-Kommissiounspresidentin Von der Leyen ass ugeklot, well si am Fréijoer 2021 1,8 Milliarden Impfdosen bei Biontech/Pfizer - et ass kaum ze gleewen - via SMS bestallt huet.
Ënnert de Sanktiounen leiden virun allem déi normalstierflech Leit, fir déi d’Inflatioun ëmmer méi zu engem Problem gëtt, well se net wëssen wéi se déi zwee Enner um Mount beieneen kréie sollen.