D'Nouvelle huet ageschloe wéi eng Bomm: De Lëtzebuerger Hollerich ass e seriöe Kandidat fir de Poste vum neie Poopst. Awer wärend d'Welt gespaant op Roum kuckt, spillen sech hei zu Lëtzebuerg ganz skurill Szeenen of.
D’Iwwerschrëft an der Printausgab vum "Wort“ vun haut suergt fir Verwirrung a Spekulatiounen: "Bettel soll eine millionenschwere Kläranlage erhalten." Ass an der Koalitioun "d'Kacke am Dampfen"?
Déi modern Diplomatie huet en neie Stadium vun Effizienz erreecht – keng laang Verhandlungen, keng penibel Sëtzungen hannert zouenen Dieren, a keng komplizéiert Protokoller méi. Via X (Ex-Twitter) hu Ruanda an d’Belsch gëschter hir diplomatesch Bezéiungen kurz und schmerzlos ofgebrach. Lëtzebuerg ass an enger Féckmillchen: Bréissel liken oder Kigali retweeten?
Den 8. Januar 2025 ass de Mark Zuckerberg mat enger spektakulärer Ukënnegung an d'Ëffentlechkeet gaang: déi versprache Meenungsfräiheet soll duerch ee System gestäerkt ginn, dee vun der gesamter Facebook-Gemeinschaft gestäerkt gëtt. Voller Begeeschterung huet hien iwwert déi nei Ära vun der Meenungsfräiheet geschwat, déi als éischt an den USA ëmgesat gëtt. An Europa schéngt dës Fräiheet net erwënscht ze sinn.