Ei, et ass Vakanz ! Fir mech fänkt d’Vakanz schonn um Findel un. Déi vill „guttgelaunten“ Touristen an dat „frëndlecht“ Personal am Check-in maache richteg Loscht op Reesen.
Gutt Noochricht fir Luxairsclienten: Et gi keng Bedenken falls een eng Vakanz op Rhodos geplangt huet, d'Luxair flitt awer, sou de Generaldirekter Gilles Feith.
De 17. Abrëll koum et bekanntlech um Fluch vun Oslo op Lëtzebuerg zu engem brisanten Tëschefall mat engem Luxairfliger. Eng Fënster vum Fliger ass an der Loft futtigefuer. Wéi d’Press mellt, wir et an der Loft zu enger Kollisioun mat engem Vull komm. Luxembourg-Jungle huet de François Bausch (déi Gréng), deen souwuel Transportminister, Arméiminister an Expert an Aviatiounsfroen ass, em méi Detailer gefrot. Hei geet et bei den Interview.