Zu Wolz fënd een op enger Rei Plazen exzeptionell Konschtwierker vu renomméierte Streetart-Kënschtler op de Fassaden vu verschiddenen Haiser. Exzeptionell net nëmme wéinst dem Konschtiwerk u sech, mais och wéinst der Konschtart, dem Urban Art, déi sech haaptsächlech a Grousstied bewonnere léisst. Loosst iech iwwerraschen...
Fir ëmmer méi Éisleker Landgemengen spillt den Duerfcharakter an de Patrimoine keng Roll méi. Wäisswampech huet hinnen et virgemaach. Al Bauerenhaiser ginn ofgerappt an duerch Schongkëschten aus Beton a Glas ersat. Gemeng Parc Housen zitt no.
Protestpiquet géint d'Zerstéirung vun der Ettelbrécker Gare organiséiert vum Facebookgrupp Luxembourg Under Destruction. Treffpunkt: Samschdeg, 19. Juni 2021, vun 11 bis 12 Auer virun der Gare zu Ettelbréck.
Fir 3 Milliounen kéint d'Ettelbrécker Gare op eng aner Plaz geréckelt ginn a kéint esou erhale bleiwen. Den 160-Millioune-Projet vun der Regierung gesäit d'Demolioun an de Bau vun enger neier Gare vir. Beim Verréckelen wären d'Ingénieuren gefuerdert, an net d'Architekten an d'Promoteuren. En interessanten Dossier vum Facebook-Grupp "Luxembourg Under Destruction".