Wat sinn d'Diskussiounen ronderëm dem ADR seng Walplaketer mat der Foto vun der Skulptur "The Knotted Gun" (de Knuet am Revolver) vum schwedesche Kënschtler Carl Frederik Reuterswärd iwwerhaapt Wäert? Wéi pazifistesch sinn eis Parteien?
Eng Meldung an der Gratispress L’Essentiel suergt an de soziale Medien fir Diskussiounen. Wann d’Subventiounen fir d’Energie a sechs méint ewechfalen, klammen d’Präisser fir d’Konsumenten méi wéi däitlech.
De gréngen net-pazifisteschen Arméiminister Bausch (déi Gréng), dee viru kuerzem an engem Wort-Interview zouginn huet, ni ee Pazifist gewiescht ze sinn, geet an d’Geschicht an als dee Politiker, deen am meeschte Steiergelder an d’Oprëschtung gestach huet.
Ënner grénger Regierungsbedeelegung a mat engem gréngen Arméiminister si bis elo 2,7 Milliarden Euro an d'Militär an an d'Rëschtung gestach ginn. Des Zomm ass aussergewéinlech wann ee bedenkt, dass déi Gréng ursprénglech aus der Friddensbeweegung entstane sinn. Gëschter gouf bekannt, dass de Fuerpark vun der Arméi fir 367 Milliounen Euro ersat gëtt. Sinn déi Gréng nach déi Gréng? Méi Detailer hei.