An enger Zäit wou politesch Decisioune eigentlech op rational Tatsaachen an op Fakte baséiere solltenn, schéngt Lëtzebuerg en anere Wee anzeschloen.
De neie Luc a säin Inneminister Léon Gloden hunn viru kuerzem mat hiren emotionalen Aussoen fir Opreegung gesuergt. Wärend beim Premier Luc "Tréinen do waren" mécht de Léon Gloden "Politik aus dem Geträips". Ass de gesonde Mënscheverstand net méi gefrot?
An senger Wut-Ried op der Münchener Sécherheetskonferenz de 15. Februar 2025 huet den US Vizepresident J.D. Vance den Europäer virgeworf, ëmmer manner demokratesch ze ginn. Virdrun hat den US-President Donald Trump annerhallef Stonn laang mat sengem russesche Kolleg Vladimir Putin telefonéiert an en Treffen an noer Zukunft ugekënnegt fir iwwer d'Ukrain ze diskutéieren.
Wat wär d'Politik ouni eng zolidd Portioun Hypokrisie a Süffisanz? Zwee Begrëffer, déi an der Politik Hand an Hand ginn, wéi Ierbessen a Muerten. Den CSV-Fraktiounspresident Marc Spautz werft dem US-President Donald Trump an engem rezente Gaaschtbeitrag am "Wort" vir, ze vill CEOen a senger Regierung ze hunn, déi d'USA wéi ee Konzern regéiere géifen. Awer wat ass mam CEO vu Lëtzebuerg?