De nos jours, les brèves de comptoir ne se contentent plus de se dérouler dans les bistrots. Non, elles ont migré vers Facebook & Co., où elles se transforment parfois en pétitions officielles sur le site Internet du Parlement. Parce que rien ne dit «changement radical» comme cliquer sur «signer la pétition» depuis son canapé.
Kloer! Comptoiresgespréicher fannen hautesdags oft net méi am Bistrot, mee op Facebook & Co statt. A vun do aus landen se a Form vu Petitiounen um Internetsite vun der Chamber.
Ee Frënd huet mer eng Foto gewisen vun enger laanger hëlzener Këscht, déi de héije Wee opgeriicht am ëffentleche Raum steet. Op der Këscht steet "City Tree", a ronderëm dee künstleche "Stadbam" ass esouguer eng Bänk, genau wéi bei engem richtege Bam. Bewonnere kann een dës innovativ Errungenschaft zu Déifferdeng.
Sinn et net eis Regierungsvertrieder, déi eis gebetsmühlenarteg antriichteren, mir missten de Rimm méi enk zéien, mir missten Energie a Knaschtemissionen aspueren?
Den 19. August hat Luxembourg Jungle iwwert d'Aktioun "Frigobox" zu Knokke bericht, dat nodeem sech zwou "chique Madammen" an engem Fernsehsinterview iwwert déi vill Touristen op gereegt hunn, déi am Short a mat der Killtäsch op de Strand kommen. Dat géif sech net fir Knokke passen, sou hir Conclusioun, wouropshin een Internet-User ee Facebook-Evenement lancéiert huet, bei deem hien dozou oprifft, de 26. August express am Short a mat der Killtäsch op Knokke ze kommen.
Wee kennt se net oder huet net zumindest scho vun hir héieren? Knokke, déi mondän, chique an deier Uertschaft op der belscher Küst, déi wéinst senge sëllege Luxusbutteker a Gourmetrestauranten oft als Saint-Tropez vum Norde betitelt gëtt, zielt och bei ville guttsituéierte Lëtzebuerger als beléifte Vakanzendestinatioun.
Am Hippie-Outfit huet d’Justizministesch Sam Tanson (déi Gréng) sech presentéiert fir der Press dat neit Marijuana-Gesetz ze erklären. 47 Joer nom jamaikanesche Reggae-Museker Peter Tosh sengem Welthit „Legalize It“, geet säin Opruff zu Lëtzebuerg an Erfëllung: Weed gëtt per Gesetz autoriséiert.