Wéi de réimesche Gott Janus, schéngt och eise #Luc zwee Gesiichter ze hunn: fir d'éischt dem Donald Trump gratuléieren, an en duerno an enger Pressekonferenz zu Lëtzebuerg - wäit ewech vun den USA - beléieren.
Lëtzebuerg keeft an! An zwar um Milliounemaart fir Meeschterwierker a Mogelpackungen. 4,6 Milliounen Euro fir eng 950 Joer aal Bibel. An déi huet et a sech!
D’Lëtzebuerger schéngen d'Auswanderen an hirer DNA ze hunn. Am 19. Joerhonnert huet et se masseweis an d'USA gezunn, haut dreiwt et se an d’franséischt, d’belscht oder an d'däitscht Grenzgebitt. 137.392 Lëtzebuerger wunnen op den 1. Januar 2024 am Ausland.
Wa Bürokratie an Natur openeen treffen, ass d'Resultat eng eenzegaarteg Aventure. Am Häerz vum charmante Mëllerdall, wou natierlech Schéinheeten a geologesch Wonner drop waarden, entdeckt ze ginn, spillt sech momentan eng Realsatir of, déi d'Häerz vun all erfuerene Bürokrat méi séier schloë deet.
Den Direkter vun Encevo huet haut "formidabel" Neiegkeeten ugekënnegt: vum Januar 2025 un klëmmt de Stroumpräis ëm 30%. Woumat hien eigentlech just dat bestätegt huet, wat mir all scho wossten. Awer dat ass nëmmen d'Halschent vun der Wourecht.
En Tageblatt-Artikel vum 21. Oktober huet fir Opreegung gesuergt. An dësem literaresche Meeschterwierk gëtt der aktueller Rietsregierung virgeworf, en Avant-Projet de loi ausgeschafft ze hunn, mat deem d'Versammlungsfräiheet an d'Demonstratiounsrecht mat haarder Hand soll ageschränkt ginn. Wat ass drun un dëse Beschëllegungen?
Wéi den iranesche Kënschtler, Fotograf an Architekt, Alborz Teymoorzadeh, de 4. Oktober aus dem Land geheit gouf, huet déi zoustänneg Regierungskommissioun hir Decisioun domat begrënnt, datt dem Teymoorzadeh seng kënschtleresch Kreatiounen keng Plus-value fir d’Lëtzebuerger Wirtschaft wären. Konscht muss sech also an Euro an Cent rechnen!
De Fred Keup, ADR-Deputéierten an autoproklaméierten Retter vun der Lëtzebuerger Sprooch, huet erëm zougeschloen. Dës Kéier riicht sech seng Roserei géint de Pilotprojet vun der Regierung, deen de Kanner an der Primärschoul net nëmmen op eng Alphabetiséierung op Däitsch, mee och op Franséisch ubidde soll.