Wann ee bis ufänkt, um Lack ze kraazen, gesäit een d'Realitéit. Dem Jerry Klein seng impressionant Fotoen iwwert déi lescht Deeg vum Stengeforter Camping, op deem eng Rëtsch Dauercamper ee Refuge fonnt haten, ginn ënnert d‘Haut. D'Biller goufe virun 10 Joer geknipst, zum Zäitpunkt, wéi d'Leit opgefuerdert goufen, de Camping ze raumen.
Eng Meldung an der Gratispress L’Essentiel suergt an de soziale Medien fir Diskussiounen. Wann d’Subventiounen fir d’Energie a sechs méint ewechfalen, klammen d’Präisser fir d’Konsumenten méi wéi däitlech.
Wéi den 29. Mäerz 2023 d’Pensiounen iwwerwise goufen, hu vill Leit mat klenge Renten ee Schreck kritt. Amplaz vum ugekënnegte Verloscht vu maximal 84€ wéinst dem Ewechfale vum Steierkredit Energie, hunn si dat Dräi- bis Zéngtfacht ofgehale kritt. De Sozialminister huet et bis haut net fir néideg fonnt, Stellung ze bezéien.
De Paperjam huet ausgerechent, 𝐝𝐚𝐬𝐬 𝐭𝐫𝐨𝐭𝐳 𝐈𝐧𝐝𝐞𝐱𝐭𝐫𝐚𝐧𝐜𝐡𝐞𝐧 𝐚𝐦 𝐅𝐞𝐛𝐫𝐮𝐚𝐫 𝐚𝐧 𝐀𝐛𝐫ë𝐥𝐥 𝟐𝟎𝟐𝟑 𝐞𝐞 𝐌𝐢𝐧𝐝𝐞𝐬𝐭𝐥𝐨𝐮𝐧𝐞𝐦𝐩𝐟ä𝐧𝐠𝐞𝐫 𝐧𝐚𝐜𝐡 just 𝟎,𝟓𝟎€ 𝐝𝐞 𝐌𝐨𝐮𝐧𝐭 𝐦é𝐢 𝐚𝐦 𝐏𝐨𝐫𝐭𝐦𝐨𝐧𝐧𝐢 𝐡𝐮𝐞𝐭. An dat an Zäiten, wou d'Liewensmëttelbranche
wéinst den héijen Energiepräisser Präishaussen vu 50 Prozent elleng op Uebst a Geméis ugekënnegt huet!
Manner wéi dräi Prozent vun der Bevëlkerung kënnen sech mat den aktuelle Marchéspräisser a Finanzéirungsméiglechkeeten nach en Haus oder Appartement leeschten.