Wéinst den enorm héije Verloschter, huet déi ukrainesch Arméi Problemer, jonk Männer ze rekrutéieren. Mat allméigleche Methoden probéieren déi, dem sécheren Doud un der Front ze entkommen. De grousse Renner am Moment: sech mat enger professionneller Mask als ale Mann tarnen.
Et ass kaum ze gleewen wat sech Ufanks des Mounts um Bouneweeger Kierfecht ofgespillt huet. Ronn drësseg ukrainesch Bierger hunn sech um Bouneweeger Kierfecht afonnt fir dem verstuerwene Member vun der Waffen-SS Andrij Melnyk ze gedenken.
Iwwert den Twitter-Account vun der hollännescher Arméiministerin gi mer gewuer, datt Lëtzebuerg gepanzert Gefierer un d'Ukrain liwwert. Firwat informéiert de Lëtzebuerger Krichsminister net selwer doriwwer?
En Artikel am l’Essentiel-online vum 19. Juni huet mech begeeschtert. D’Firma "Luxabri" vu Péiteng bitt, an Zesummenaarbecht mat der schwäizer Firma "Bunker Swiss s.àr.l.", Atomschutzbunkeren un, déi een doheem a sengem Gaart baue kann.
Mat Fassungslosegkeet huet de Lëtzebuerger Krichsminister François Bausch (déi Gréng) op der Réunioun vun den NATO-Verdeedegungsministeren de 15. an de 16. Juni 2023 zu Bréissel, missten zouginn, dass eis Krichskeess eidel ass. Lëtzebuerg kéint keng weider Milliarden an d’Rüstung stiechen.
An der Chamber huet d’lescht Woch eng Debatt iwwert d’Russland-Sanktioune stattfonnt. Deeler vun der Oppositioun werfen der Regierung vir, d’Sanktiounen hätten hiren Zweck verfeelt, si géifen net dee gewënschten Effekt bréngen. Luxembourg Joungle huet sech mam Ausseminister Jean Asselborn ënnerhalen.
Groussbritannien liwwert uranhalteg Munitioun un d’Ukrain. Dat geet aus der Äntwert vun der stellvertiedender Verdeedegungsministerin vu UK, der konservativer der Baroness Annabel Goldie, op eng Question parlementaire vum Raymond Hervey Jolliffe, Baron Hylton, Member vum House of Lords, ervir.
Ganzer 27 Lëtzebuerger Zaldoten ginn haut op Missioun a Rumänien geschéckt, wou si d’Aufgab hunn, d’Ost-Flank vun der NATO a vun der Europäescher Unioun ze stäerken. Am Fall vun enger russescher Attack hunn si d'Missioun, den Territoire vum NATO-Memberland Rumänien ze verdeedegen.