Déi batter Realitéit vun de Leit mat klenge Léin zu Lëtzebuerg
Lëtzebuerg, dat räichste Land vun der Welt, bretzt sech gär mat sengem Triple-A, deen e vun de Ratingagence kritt huet, a straalt am Glanz vu senger Banken- a Finanzplaz. Mat ganzer 5.100 Milliarden Euro, déi vun der lëtzebuergescher Investitiounsfongenindustrie verwalt ginn an enger Foussgängerzon an der Uewerstad, wou Luxusboutiquen sech unenee reien wéi Pärelen un enger Ketten, kéint ee mengen, Lëtzebuerg wär d'Paradis op Äerdbuedem.
Ma den normale Bierger ka just Window-Shopping maachen. De Räichtum ass fest an den Hänn vun enger guttsituéierter Minoritéit konzentréiert.
Mat engem Mindestloun vun 2.570,93 Euro brutto ass et schwéier fir déi 66.000 Mindestlounverdénger, iwwert d’Ronnen ze kommen. Si maache 15% vun de Lounofhängegen aus, hiert Akommes läit 44% ënner dem Duerchschnëttsloun (4.556€/Mount) a 35% ënner dem Medianloun (3.970€/Mount). Bleiwen engem manner wéi 2.382 Euro pro Mount iwwreg, lieft een offiziell ënnert der Aarmutsgrenz - wat fir Mindestlounverdénger batter Realitéit ass, well déi 2.570,93 Euro brutto sinn an nach Soziallaaschten ofginn. Ee vu fënnef Lëtzebuerger huet Aarmutsgrenz vun 2.382€ ënnerschratt a gëlt als aarm.
Den neie #Luc Frieden huet zwar versprach, d’Aarmutsbekämpfung zu enger Prioritéit ze maachen, mee bis elo feelt souwuel ee Konzept wéi och konkret Moossnamen. D'Aarmut zu Lëtzebuerg huet eng Dimensioun erreecht, datt se net méi kann ënnert den Teppech gekiert ginn.
Selwer Schold?
An engem Lieserbréif vum 27. November 2024 am Luxemburger Wort proposéiert den Auteur Armand Mignon, de Mindestlounverdénger vun der Sécurité sociale ze befreien oder un der Steierschrauf ze dréinen. Awer änneren dës Propositioune wierklech eppes un der Situatioun? Den Armand Mignon kënnt zur Conclusioun, datt keng vu senge Moossnamen giff eppes déngen, wann net och d‘Kaufsucht géif bekämpft ginn. Well nieft der finanzieller Hëllef wier och eng psychologesch Ënnerstëtzung néideg, fir deene Leit bäizebréngen, ee Budget ze geréieren. An andere Wierder: déi Aarm si selwer Schold un hirer Situatioun, well se ze vill kafen.
D'Mäerchen vun der Kaufsucht
Als Reaktioun op dem Armand Mignon säin Artikel püblizéiert d’Wort de 7. Dezember 2024 ee weidere Lieserbréif mam Titel "Pauvreté: mythes et réalités", an deem déi zwee Auteuren op déi enorm Ongläichheeten beim Akommes aginn. Si kommen zur Conclusioun, datt keng vum Armand Migon senge Léisungenvirschléi d‘Problemer léisen. Si plädéieren dofir, datt de Staat sech méi staark engagéiere misst a virun allem am Logement misst aktiv ginn, well grad de Logement dacks méi wéi 50% vum Akommes vun de Leit mat klenge Léin verschléngt. Ma och d‘Grondnahrungsmëttel sinn an de leschte fënnef Joer ëm bis zu 27% méi deier ginn, wärend déi automatesch Lounindexéierung nëmmen 13% kompenséiert huet. Datt d'Leit mat de klenge Léin an de Kafrausch verfalen, wéi den Armand Mignon behaapt, wär deemno extrem geréng, esou d'Auteure vum Lieserbréif. Si erënneren och drun, datt d'Realitéit fir vill Leit zu Lëtzebuerg wäit ewech vu Luxus an Iwwerfloss ass.
Luxembourg Jungle püblizéiert hei déi zwee Lieserbréiwer aus dem Wort, ugefaange mat deem vum 7. Dezember 2024, deen eng Reaktioun op de Lieserbréif vum 27. November ass.
Kommentar schreiben