· 

#Satir | De Fred Keup schléit nees zou

Alphabetiséierungs-Apokalypse

De Fred Keup, ADR-Deputéierten an autoproklaméierte Retter vun der Lëtzebuerger Sprooch, huet erëm zougeschloen. Dës Kéier riicht sech seng Roserei géint de Pilotprojet vun der Regierung, deen de Kanner an der Primärschoul net nëmmen eng Alphabetiséierung op Däitsch, mee och op Franséisch ubidde soll.

E Skandal, jéimert de Keup, dee viru kuerzem e Buch mam Titel "Mir gi Lëtzebuerg net op" publizéiert huet - natierlech komplett op Däitsch. Well wéi kann een d'Lëtzebuerger Sprooch besser retten wéi mat engem Buch, dat se komplett ignoréiert?

De Fred Keup argumentéiert, datt d’Alphabetiséierung op Franséisch d’Lëtzebuerger Sprooch verdränge géif. Dat liicht an! Kanner, déi verschidde Sprooche léieren an op Franséisch alphabetiséiert ginn, vergiessen immens séier wéi ee "Moien" seet an amplaz just "Bonjour" ruffen. En Desaster!

Ausbildung nëmme fir d'Elite

Vläicht sollte mer de Kanner komplett verbidde, liesen a schreiwen ze léieren. Esou kënne mer dofir suergen, datt se ni eng aner Sprooch léieren an d’Lëtzebuerger Sprooch fir ëmmer reng bleift. Zougang zu Ausbildung a Wëssen a berufflecher Carrière sollt nëmmen enger Elitt virbehale bleiwen. Mat bal 50 Prozent Auslänner a 45 Prozent vun de Residenten, déi doheem eng romanesch Sprooch schwätzen, ass d'Toleranzgrenz souwisou längst erreecht. Deenen hir Kanner brauche keng Alphabetiséierung op Franséisch, si sollen am beschten onkultivéiert bleiwen. Well wien, wannechgelift, soll dann an Zukunft eis Haiser a Stroosse bauen, eis am Restaurant servéieren, eis Büroen a Wunnénge botzen, d'Dreckskëschten eidel maachen an d'Amazon-Päck liwweren, wann net d'Auslänner?

Dem Fred Keup senger Usiicht no sollen déi gutt bezuelten Aarbechtsplazen och an Zukunft nëmme fir richteg Lëtzebuerger reservéiert bleiwen, déi op Däitsch alphabetiséiert goufen.

Lëtzebuergesch als Viraussetzung fir Polizist ze ginn

An engem Gaaschtartikel am Wort huet hien erkläert, datt e perfekt Wëssen vun der Lëtzebuerger Sprooch eng Basisviraussetzung wier fir als Polizist ze schaffen. Effektiv, et ass jo allgemeng bekannt, datt Krimineller nëmmen op Lëtzebuergesch verhaft kënne ginn. Bei engem "Halt, Police!" op Franséisch ("stop, police") géifen d'Banditen sech wahrscheinlech krank laachen an hir Flucht wär esougutt ewéi gebongt.

Fir de Fred Keup ass d'Alphabetiséierung op Däitsch an net op Franséisch essentiell fir kënne Polizist ze ginn. Schliisslech ass et wichteg, datt eis zukünfteg Polizisten hir Protokollen an engem perfekte Lëtzebuergesch schreiwen kënnen. Stellt Iech ee Polizeibericht mat orthographeschen oder grammatesche Feeler am Lëtzebuergesche vir - dat wier eng Schan sonnergläichen!

Vläicht sollte mer dofir suergen, datt all Polizisten en Dictionnaire an der Täsch hunn, fir datt se am Noutfall déi richteg Schreifweis nokucke kënnen. An natierlech solle si regelméisseg Diktater schreiwen fir hir Sproochkompetenzen opzefrëschen. Iwwerhaapt, wat bedeite scho kierperlech Fitness oder taktesch Ausbildung? D'Haaptsaach ass eng perfekt Beherrschung vun der Lëtzebuerger Sprooch.

Um Enn kann ee just hoffen, datt och de Fred Keup enges Daags mierkt, datt d’Bildung an d’Méisproochegkeet keng Gefor, mee eng Beräicherung sinn. Mee bis dohinner fléisst nach vill Waasser d'Musel erof, an déi Zäit werd de Fred Keup notzen, fir weider géint déi schrecklech Bedrohung vun der franséischer Alphabetiséierung ze kämpfen. Vläicht grënd hie jo eng nei Biergerinitiativ fir sécherzestellen, datt kee Kand jeemools "Bonjour" seet.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0