· 

#Realsatir | 35 Prozent vun de Lëtzebuerger wunnen am Ausland

Schafft d’Regierung un engem groussen Emquartéierungsprogramm?

D’Lëtzebuerger schéngen d'Auswanderen an hirer DNA ze hunn. Am 19. Joerhonnert huet et se masseweis an d'USA gezunn, haut dreiwt et se an d’franséischt, d’belscht oder an d'däitscht Grenzgebitt. 137.392 Lëtzebuerger wunnen op den 1. Januar 2024 am Ausland, deelt de STATEC mat. 

Datt d’Lëtzebuerger Europameeschter am Reese sinn, huet eis de STATEC am Juni a senger Enquête iwwert den Tourismus verdäitlecht. Ma, mir sinn och nach Europameeschter am Auswanderen. Dat geet aus enger weiderer Publikatioun vum STATEC vum Oktober, mam Titel „La démographie luxembourgeoise en chiffres,“ ervir.

137.392 Lëtzebuerger wunnen aktuell am Ausland! Dat maachen 35% vun alle Lëtzebuerger aus. Oder anescht ausgedréckt: Méi wéi all Drëtten huet seng Wallis gepaakt an huet Lëtzebuerg de Réck gedréint fir sech am Ausland néierzeloossen. Dësen Undeel läit wäit iwwert den 20%, déi am 19. Joerhonnert an d'USA ausgewandert sinn. Sinn d'Lëtzebuerger déi gebueren Auswanderernatioun?

      ▲ Extrait, publication STATEC "La démographie luxembourgeoise en chiffres", octobre 2024.
▲ Extrait, publication STATEC "La démographie luxembourgeoise en chiffres", octobre 2024.

Engem Artikel am Wort vum 19. September 2024 no, hunn am 19. Jorhonnert ronn 50.000 Lëtzebuerger d’Land an zwou Auswanderungswellen a Richtung USA verlooss – déi éischt 1840, déi zweet 1870. 1899 hat Lëtzebuerg eng Bevëlkerung vun 227.200 Awunner. 18 Prozent vun de Lëtzebuerger hunn deemols een neit Doheem an Amerika fonnt, wat eppes manner wéi all Fënneften duerstellt. Dësen Exodus huet sech, wuelbemierkt, iwwert een Zäitraum vu 60 Joer gezunn.

Haut wunnen déi 137.392 Auslands-Lëtzebuerger haaptsächlech am franséische, belschen an däitsche Grenzgebitt. Dem STATEC-Bericht no liewen nach 254.372 Lëtzebuerger hei am Land. Rechent een d’Zuel vun de Lëtzebuerger am Ausland bei déi, déi zu Lëtzebuerg wunnen, kënnt een op en Total vun insgesamt 391.764 Lëtzebuerger weltwäit (= 254.372 + 137.392). D’Auswanderer stellen demno 35 Prozent duer, wat méi wéi all Drëtten ausmécht. An hir Zuel ass an de leschte véier Joer ëm ganzer 70 Prozent geklommen!

D'Zuel vun 35% ass beandrockend, virun allem wann een se mat där vun eise Nopeschlänner vergläicht. Zum Beispill wunnen 4,5% vun de Fransousen, 4,3% vun de Belsch a 4% vun den Däitschen am Ausland.

Awer wouhir kënnt de Lëtzebuerger hiren Drang vum Auswanderen? Ass et d’Loscht op Abenteuer an der Friemt? Béis Zonge behaapten, et wären déi héich Liewenshaltungskäschten a virun allem den onbezuelbare Wunnraum, déi d’Mënschen iwwert d’Grenzen dreifen – zur grousser Onzefriddenheet vun der lokaler Bevëlkerung am Ausland.

Dat grousst Mysterium vum bezuelbare Wunnraum

Ma wéi ass dat méiglech? Zanter iwwer fënnefanzwanzeg Joer streiden sech d'politesch Parteien iwwer bezuelbare Wunnraum, an all Regierung huet versprach, op deem Gebitt aktiv ze ginn. Geschitt ass awer sougutt wéi näischt. 2002 huet den deemolege Premierminister Jean-Claude Juncker d’Thema Wunnéngsbau souguer zur Chefsaach erkläert.

D'Thema vum bezuelbare Wunnraum, dat bei all Ëmfro mat 75% eng konstant Prioritéit vun den Awunner ass, bleift an den Tiräng leien bis déi nächst Wahlen a véier Joer. Bis dohinner hunn nach weider Zéngdausende Leit d’Land verlooss, sou datt de Problem vum bezuelbare Wunnraum sech vum selwe léist.

Vu Regierungssäit, egal wat fir eng Patchwork-Konstellatioun grad um Rudder ass, schéngt et keng Begeeschterung ze ginn, sech der Thematik unzehuelen. Am Abrëll d’lescht Joer huet de sozialisteschen Deputéierten Mars di Bartolomeo (MDB) eng dementspriechend parlamentaresch Fro un den deemolege grénge Logementsminister Henri Kox geriicht. Den MDB wollt vum Minister wëssen, firwat sou vill Leit d’Land verloossen fir sech am Grenzgebitt néierzeloossen. Amplaz dem Deputéierten ze äntweren, huet de Minister sech iwwert den MDB lëschteg gemaach an him 31 Géigefroen als Äntwert zréckgeschéckt. "Luxembourg Jungle" hat doriwwer bericht.


Och interessant:


An obwuel iwwerall uechter d'Land Residencen an Haiser gebaut ginn, kann um Enn kee sech se leeschten. Souguer d'Sozialwunnengen vun der SNHBM oder vum Fonds du Logement sinn esou deier, datt se Ladenhüter bleiwen.

D’Fro, déi vill Leit sech stellen: Wie keeft oder lount déi Onmass Appartementer an Haiser, déi momentan am Bau sinn?

D'Äntwert dorop gëtt eis déi Schwäizer Bank Crédit Suisse, déi no hirer Faillite vun där anerer grousser Schwäizer Bank UBS iwwerholl gouf. Mat engem Millionärsundeel vu 16,2% vun der Gesamtbevëlkerung läit Lëtzebuerg op der éischter Plaz an der EU an zweeter Plaz weltwäit. Nëmmen d'Schwäiz huet proportional zu hirer Bevëlkerung, mat 16,4%, nach méi en héije Millionärstaux.

Anescht ausgedréckt: all sechten Awunner zu Lëtzebuerg ass Millionär, an hir Zuel klëmmt stänneg. Bei déi ronn 85.00 Millionären zu Lëtzebuerg kommen nach déi 280 Milliardären.

▲Tableau Wikipedia
▲Tableau Wikipedia

Et ass also nach Geld ënnert de Leit, déi an de Steen investéiere kënnen. Dacks kommen d’Investisseuren aus dem Ausland, a si stolze Besëtze vun enge vun den iwwer 40.000 Bréifkëschtefirmen, déi mer zu Lëtzebuerg hunn.

All déi Bréifkëschtefirmen brauchen natierlech een Doheem, an do bidden sech déi sëllechen Residencen wéi um sëlwere Plateau un. Oft wunnen se zu puer op enger Adress. An deem Fall schwätzt ee vun enger Bréifkëschtefirme-WG. Eenzelne Firmeninhaber gefällt et esou gutt bei eis, datt si och privat eng Wunnéng kafen oder lounen. Net fir hei ze wunnen, nee! Mee fir ee "pied à terre" hei ze hunn. Et weess ee jo nie!

An do reift de Finanzminister sech d‘Hänn, well d'Bréifkëschtefirmen ⎻ och wann se international verpönt sinn ⎻ spullen dach awer e bësse Steiergelder an d'Staatskeess. 

De groussen Emquartéierungsplang

Géifen déi 137.392 Auslandslëtzebuerger nämlech am Land wunnen, géifen se just ee eng finanziell Belaaschtung duerstellen. Well dann hätten d‘Infrastrukturen wéi Schoulen, Maison relaisen, Spideeler, Sportsanlagen, Spillplazen, Fräizäitparken fir Kanner a sou weider misste Schrëtt halen. Virun allem hätt d’Regierung an deem Fall missten Eescht mache mam Bau vu bezuelbare Wunnéngen. Dës Ausgaben brauch de Staat elo net méi anzeplangen, well se vun de Nopeschlänner iwwerholl ginn. Mat senge virtuellen Awunner, brauch de Lëtzebuerger Staat sech dann nach just ëm d’Infrastruktur vum séieren Internet fir d’Betriber ze këmmeren, wat vill méi bëlleg gëtt wéi Schoulen ze bauen a Léierpersonal anzestellen. Bei Entloossunge ginn dës Lëtzebuerger am Ausland zu Lëtzebuerg net méi statistesch erfaasst, sinn also och net méi zu Laaschte vun eiser Staatskeess. De Chômage gëtt nämlech an deem Land ausbezuelt wou ee wunnt.

A wa bis dee leschte Lëtzebuerger an d’Grenzregioun geplënnert ass, gehéieren endlech déi lästeg Fuerderungen no méi Naturschutz oder Denkmalschutz endlech der Vergaangenheet un. Dat bësse Natur, wat nach bleift, kann a Luxus-Resorten fir Superräicher ëmgewandelt ginn ⎻ natierlech alles ënnert dem Deckmantel vum Ökotourismus. D’Auswanderer kréien ee grousst Denkmal an der Stad opgeriicht, fir un all déi z'erënneren, déi wéinst den héije Liewenshaltungskäschten a Wunnéngspräisser an d’Ausland geflücht sinn. Dëst kënnt direkt niewent dat pompöst Denkmal, dat de 40.000 Bréifkëschtefirmen gewidmet ass ⎻ si hu Lëtzebuerg schliesslech zu deem gemaach, wat et haut ass.

Mat all neigebaute Residence a mat all nei Bréifkëschtenadress weisen eis Politiker, wéi wichteg hinnen d’Leit hei am Land sinn.

A well déi rezent Auswanderungswell nëmme Virdeeler fir d’Land huet, schafft eis Regierung un engem ambitiéisen Emsiedlungsplang. En héije Regierungsbeamten, deen anonym bleiwe wëll, huet eis gesot, datt d'Regierung geheim Verhandlunge mat den Nopeschlänner opgeholl hätt, mam Zil, en Accord ze erreechen fir d'Emigrante gläichméisseg ze verdeelen.

Mat virtuellen Awunner léisst et sech besser regéieren an et ass gutt fir d’Plus-value vun eiser Ekonomie.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0