· 

Autos zu Rüstung

De Comeback vun der Däitscher Automobilindustrie an der Krichswirtschaft

Den Dokter Hans Christoph Atzpodien, Generaldirekter vum "Bundesverband der Deutschen Sicherheits- und Verteidigungsindustrie", huet de 5. Mäerz 2025 de revolutionäre Programm "Autos zu Rüstung" virgestallt.

Däitschland, d'Land vun den Ingenieuren an Autosfabrikanten, huet eng nei Visioun: Amplaz Elektroautoe fir de Weltmaart hierzestellen, soll d'Automobilindustrie Panzeren an aner Krichsgefierer um Fléissband produzéieren. Den Dokter Hans Christoph Atzpodien, Generaldirekter vum "Bundesverband der Deutschen Sicherheits- und Verteidigungsindustrie", huet de 5. Mäerz 2025 de revolutionäre Programm "Autos zu Rüstung" virgestallt.

D'Logik derhannert? Einfach genial: Well d'Automobilindustrie souwisou an der Kris stécht, firwat net einfach op Militärausrüstung wiesselen? Ëmmerhin huet dat an de 1940er Joren "wonnerbar" geklappt. Deemools huet de Wiessel op Krichswirtschaft zu enger grandioser Finall gefouert: Kapitulatioun, eng ausgeblutten Natioun, zerstéiert Stied an e Verbuet fir geféierlech Waffen ze bauen. Nujee, firwat aus der Geschicht léieren wann een se widderhuelen kann?

Natierlech bleift d'Fro: wien ass eigentlech de Feind? Russland? D'USA? Oder vläicht China? Awer dat ass niewesächlech. D’Haaptsaach ass, Däitschland ass nees ganz vir mat derbäi  – dës Kéier net bei der Energietransitioun, mee bei der Rüstungstransitioun. A wie weess, vläicht gëtt et geschwënn den éischte "Volks-Panzer" – bezuelbar, effizient a mat agebautem Wi-Fi Hotspot. Schliesslech soll een och am Krich op näischt verzichten.


Och interessant:

Kommentar schreiben

Kommentare: 0