E politesche Botzprogramm?
D’Iwwerschrëft an der Printausgab vum "Wort“ vun haut suergt fir Verwirrung a Spekulatiounen: "Bettel soll eine millionenschwere Kläranlage erhalten.“ Ass an der Koalitioun "d'Kacke am Dampfen"?
Huet den Ausseminister Bettel e Problem mat toxesche Stoffer? Mussen déi politesch "Mikroschadstoffer" erausgefiltert ginn? Zu deem Schluss kéint ee kommen, wann een am Wort-Artikel folgende Passage liest: "Bei den Anlagen muss jeweils eine Vorreinigungsstufe gegen Mikroschadstoffe, eine sogenannte Medikamentstufe, eingebaut werden." Déi sougenannt „Medikamentestuf“ kéint dobäi hëllefen, d’Niewewierkungen vu sengen Decisiounen ze neutraliséieren. E wierklech innovativen Usaz fir politesch Hygiène! Nom Motto: "Botze mer déi kleng Übeltäter, éier se zu grousse Skandaler eruwuessen!“
D’Realitéit ass zum Gléck manner schlëmm. Tatsächlech geet et ëm d’Duerf Bettel, dat eng nei Kläranlag brauch.
Um Enn bleift d’Fro: Wien brauch d’Kläranlag méi dréngend – d’Duerf Bettel oder den Här Bettel? Wärend déi eng mam Ofwaasser kämpfen, kämpfen déi aner mat politeschen Niewewierkungen.
Soulaang d'Iwwerschrëften an eiser Press esou zweedäieg sinn, hu mer wéinstens eppes ze laachen.
Kommentar schreiben