· 

35 Milliounen de Kilomter

Insgesamt 155 Milliounen Euro gëtt Lëtzebuerg fir dee 4,4 Kilometer laange Contournement vun Housen aus, iwwert deen sech dann d'Blechlawin vu ronn 20.000 Autoen, dovunner eng grouss Majoritéit Frontalieren, fuere wäert.

Ween also geduecht huet, mam Klierfer Contournement "Transversale", deen 20 Milliounen € de Kilometer kascht huet (75 Mio fir 3,5 km Strooss), hätte mer ee Präismaximum erreecht, gëtt mat Housen eppes Besseren beléiert.

Den Impakt op d'Natur zu Housen ass erschreckend! De Chantier gläicht engem Schluechtfeld. Ma keng Panik, mir kompenséiere jo. D'Déiere däerfen sech iwwert eng Wëldbréck freeën, et ass also alles am grénge Beräich.

D'Fotoe vum Chantier schwätze fir sech.


35 millions le kilomètre

𝘈𝘶 𝘵𝘰𝘵𝘢𝘭, 155 𝘮𝘪𝘭𝘭𝘪𝘰𝘯𝘴 𝘥’𝘦𝘶𝘳𝘰𝘴 𝘴𝘦𝘳𝘰𝘯𝘵 𝘥é𝘱𝘦𝘯𝘴é𝘴 𝘱𝘰𝘶𝘳 𝘭𝘦 𝘤𝘰𝘯𝘵𝘰𝘶𝘳𝘯𝘦𝘮𝘦𝘯𝘵 𝘥𝘦 𝘏𝘰𝘴𝘪𝘯𝘨𝘦𝘯 𝘥𝘦 4,4 𝘬𝘪𝘭𝘰𝘮è𝘵𝘳𝘦𝘴, 𝘥𝘦𝘴𝘵𝘪𝘯é à 𝘢𝘤𝘤𝘶𝘦𝘪𝘭𝘭𝘪𝘳 𝘦𝘯𝘷𝘪𝘳𝘰𝘯 20000 𝘷𝘰𝘪𝘵𝘶𝘳𝘦𝘴, 𝘱𝘳𝘪𝘯𝘤𝘪𝘱𝘢𝘭𝘦𝘮𝘦𝘯𝘵 𝘥𝘦𝘴 𝘧𝘳𝘰𝘯𝘵𝘢𝘭𝘪𝘦𝘳𝘴 𝘣𝘦𝘭𝘨𝘦𝘴 𝘦𝘵 𝘢𝘭𝘭𝘦𝘮𝘢𝘯𝘥𝘴.

𝘗𝘰𝘶𝘳 𝘤𝘦𝘶𝘹 𝘲𝘶𝘪 𝘱𝘦𝘯𝘴𝘢𝘪𝘦𝘯𝘵 𝘲𝘶𝘦 𝘭𝘦 𝘤𝘰𝘯𝘵𝘰𝘶𝘳𝘯𝘦𝘮𝘦𝘯𝘵 “𝘛𝘳𝘢𝘯𝘴𝘷𝘦𝘳𝘴𝘢𝘭𝘦” 𝘥𝘦 𝘊𝘭𝘦𝘳𝘷𝘢𝘶𝘹, à 20 𝘮𝘪𝘭𝘭𝘪𝘰𝘯𝘴 𝘥’𝘦𝘶𝘳𝘰𝘴 𝘱𝘢𝘳 𝘬𝘪𝘭𝘰𝘮è𝘵𝘳𝘦 (75 𝘮𝘪𝘭𝘭𝘪𝘰𝘯𝘴 𝘥’𝘦𝘶𝘳𝘰𝘴 𝘱𝘰𝘶𝘳 3,5 𝘬𝘮), é𝘵𝘢𝘪𝘵 𝘭𝘦 𝘴𝘰𝘮𝘮𝘦𝘵 𝘥𝘦𝘴 𝘥é𝘱𝘦𝘯𝘴𝘦𝘴, 𝘏𝘰𝘴𝘪𝘯𝘨𝘦𝘯 𝘱𝘳𝘰𝘶𝘷𝘦 𝘭𝘦 𝘤𝘰𝘯𝘵𝘳𝘢𝘪𝘳𝘦.

𝘓’𝘪𝘮𝘱𝘢𝘤𝘵 𝘦𝘯𝘷𝘪𝘳𝘰𝘯𝘯𝘦𝘮𝘦𝘯𝘵𝘢𝘭 à 𝘏𝘰𝘴𝘪𝘯𝘨𝘦𝘯 𝘦𝘴𝘵 𝘦𝘧𝘧𝘳𝘢𝘺𝘢𝘯𝘵 ! 𝘓𝘦 𝘤𝘩𝘢𝘯𝘵𝘪𝘦𝘳 𝘳𝘦𝘴𝘴𝘦𝘮𝘣𝘭𝘦 à 𝘶𝘯 𝘤𝘩𝘢𝘮𝘱 𝘥𝘦 𝘣𝘢𝘵𝘢𝘪𝘭𝘭𝘦. 𝘔𝘢𝘪𝘴 𝘯𝘦 𝘷𝘰𝘶𝘴 𝘪𝘯𝘲𝘶𝘪é𝘵𝘦𝘻 𝘱𝘢𝘴, 𝘯𝘰𝘶𝘴 𝘮𝘦𝘵𝘵𝘰𝘯𝘴 𝘦𝘯 𝘱𝘭𝘢𝘤𝘦 𝘥𝘦𝘴 𝘮𝘦𝘴𝘶𝘳𝘦𝘴 𝘥𝘦 𝘤𝘰𝘮𝘱𝘦𝘯𝘴𝘢𝘵𝘪𝘰𝘯. 𝘓𝘦𝘴 𝘢𝘯𝘪𝘮𝘢𝘶𝘹 𝘱𝘰𝘶𝘳𝘳𝘰𝘯𝘵 𝘴𝘦 𝘳é𝘫𝘰𝘶𝘪𝘳 𝘴𝘶𝘳 𝘶𝘯 𝘱𝘰𝘯𝘵 𝘧𝘢𝘶𝘯𝘪𝘲𝘶𝘦, 𝘥𝘰𝘯𝘤 𝘵𝘰𝘶𝘵 𝘷𝘢 𝘱𝘰𝘶𝘳 𝘭𝘦 𝘮𝘪𝘦𝘶𝘹.

▲ De Contournement vun Housen: ee riesegen Agrëff an d'Natur. (Foto vum 21/08/2024)
▲ De Contournement vun Housen: ee riesegen Agrëff an d'Natur. (Foto vum 21/08/2024)
▲Contournement Housen: op dëser Foto vun RTL gesäit een den Agrëff an d'Natur gutt. Am Hannergrond: d'Duerf Housen.
▲Contournement Housen: op dëser Foto vun RTL gesäit een den Agrëff an d'Natur gutt. Am Hannergrond: d'Duerf Housen.
▲Contournement Housen: souguer dem Sattelit entgeet de Chantier net, wéi een op dëser Google-Foto feststelle kann.
▲Contournement Housen: souguer dem Sattelit entgeet de Chantier net, wéi een op dëser Google-Foto feststelle kann.
▲Contournement Housen: d'Baggere sti prett fir nom Congé collectif nees unzerappen.
▲Contournement Housen: d'Baggere sti prett fir nom Congé collectif nees unzerappen.
▲Contournement Housen: 8. Juni 2023 - houfreg hunn d'Lokalpolitiker an den deemolege grénge Bauteminister Fränz Bausch beim éischte Spuetestéch, am Costume, matgemaach.
▲Contournement Housen: 8. Juni 2023 - houfreg hunn d'Lokalpolitiker an den deemolege grénge Bauteminister Fränz Bausch beim éischte Spuetestéch, am Costume, matgemaach.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0