· 

Skandal am Europaparlament - CSV stëmmt Antrag vun de Rietsextremen

Wee mat Hënn schlofe geet, steet mat Fléi op

Déi chrëschtlech-sozial EVP-Fraktioun am Europaparlament, zu där och déi zwee CSV-Deputéierten gehéieren, huet en Antrag vun der rietsextremer ESN-Fraktioun iwwer Deportatiounszentren fir Flüchtlichen an Drëttlänner ënnerstëtzt - an domat ee geféierleche Präzedenzfall geschaaft. Ee bemierkenswäerte Schrëtt a Richtung vun engem neien Europa!

"Eisen Optrag ass et, déi europäesch Liewensweis ze schützen andeems mer ee vereenegt Europa fërderen, dat op fundamentale Wäerter wéi Mënschewürd, Fräiheet, Solidaritéit, Respekt vun de Mënscherechter a Rechtsstaatlechkeet berout.", kann een op der Homepage vun der chrëschtlech-sozialer EVP-Fraktioun am Europaparlement liesen. Wéi schéin, datt dës Wäerter esou flexibel ausgeluecht kënne ginn!

Den 23. Oktober huet déi gesamt EVP-Fraktioun bis op dräi Deputéierten en Antrag vun der rietsextremer ENR-Fraktioun (Europa der Souveränen Nationen) ënnerstëtzt, an deem et ëm d'Verstäerkung vun de "physesche Barrièren" un den europäeschen Aussegrenzen an ëm d'Ariichte vun Deportatiounszentren fir Flüchtlingen an Drëttstaate geet. Prost op déi europäesch Solidaritéit!

D'Thu Nguyen, Directrice-adjoint vum Jacques Delors Center zu Berlin, déi sech an hirer Fuerschung op institutionell Reformen an der EU, Rechtsstaatlechkeet, Demokratie an europäesch Wirtschaftspolitik konzentréiert, huet dee skandaléise Vote am Europaparlament an engem Post op "X" als "Ofrappe vun der Brandmauer géint riets" bezeechent. Mat hirem Kommentar bréngt si d'Situatioun op de Punkt.

"An Europa muss een ëmmer erëm Majoritéite sichen", huet déi chrëschtlech-sozial Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen virun den Europawahlen am Hibléck op eng méiglech punktuell Zesummenaarbecht mat rietsextremen Europadeputéierte gesot. Mat där Fauschtreegel gouf dann offensichtlech déi néideg Majoritéit fonnt fir Deportatiounszentren an Drëttstaaten anzeriichten an d'Flüchtlingen dann dohinner ze delokaliséieren. Aus den Augen, aus dem Sinn! An obwuel de Lëtzebuerger Premier #Luc sech um EU-Sommet vum 17. Oktober géint d'Ariichte vun Deportatiounszentren ausserhalb vun der EU ausgesprach huet, hunn déi zwee CSV-Europadeputéierten sechs Deeg drop en Antrag vun de Rietsextreme gestëmmt, dee genau d'Ariichten vun esou Deportatiounszentren am europäeschen Ausland virgesäit. D'Lëtzebuerger Wort schreift de 24. Oktober vun engem Tabubroch a spekuléiert souguer iwwer d'Enn vun der von der Leyen-Majoritéit.

Kommentar

Dat skandaléist Virgoe vun der Europäescher Vollekspartei an déi inakzeptabel Aussoen vun der CSV-Europadeputéiert Isabel Wiseler-Lima hunn zu gepefferte Kommentaren an de soziale Medien gefouert. D'Madame Wiseler kennt anscheinend d'Spréchwuert net: "Wie mat Hënn schlofe geet, steet mat Fléi op." Soss hätt se hir lächerlech a stupid Ausso, si hätt net der ESN-Fraktioun, mee engem Inhalt zougestëmmt, wuel net gemaach.

Bravo, Madame Isabel Wiseler-Lima! Et ass wierklech berouegend ze liesen, datt et net drëm geet, déi Rietsextrem z'ënnerstëtzen, mee just hiren "Inhalt". Physesch Barrièren un den europäeschen Aussegrenzen an Deportatiounszentren an Drëttlänner opzeriichten, schéngen an Ären Aen just harmlos Detailer ze sinn. D'Flüchtlingen sollen dach wannechgelift dankbar sinn a sech freeën, gell?

Et ass erstaunlech ze gesinn, wéi déi ganz chrëschtlech-sozial EVP-Fraktioun hannert dësem "Inhalt" vereent ass. Mënschlechkeet a Matgefill? Fehlanzeige! Wat mir brauche si Maueren a pickegen Drot.

Flüchtlingen wéi Wueren ze behandelen an se wéi Sklaven ronderëm ze verfrachten ass natierlech de Kär vun de sougenannten europäesche Wäerter. Vive déi nei Definitioun vu Solidaritéit an Humanismus!

An nach eppes, Madame Wiseler-Lima: Är Ausso ass wierklech en Déifpunkt vun der politescher Rhetorik. Sou bëlleg an haarsträubend, datt een sech freet, ob de politesche Niveau nach méi déif ka falen. Mee bon, an der Politik gëtt et ëmmer Plaz fir Iwwerraschungen!

Ze behaapten, datt et Iech ëm den "Inhalt" geet an net ëm déi rietsextrem Partei hannendrun, ass wéi ze soen: "Ech hunn de Kuch gär, awer net de Bäcker." Um Enn ënnerstëtzt Dir awer de Bäcker andeems Dir säi Kuch kaaft. E klassesche Fall vu politescher Akrobatik, Charakterlosegkeet an Opportunismus.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0